Jessica Theis – Spieglein Spieglein – Miroir Miroir

Jessica Theis – Spieglein Spieglein – Miroir Miroir
Culture, Esch2022

„Wat ass dann dat doten?“ Des Fro wäerten sech wuel vill Leit dëser Deeg an der Escher Foussgängerzone gestallt hunn. Do stinn nei Installatioune mat Spigelen dran, déi wuel no enger klenger Erklärung verlaangen, an des Erklärung kann d’Jessica Theis liwweren.

D‘Jessica huet scho mat 16 Joer Fotoe gemaach. Spéider ass den Hobby zum Beruff ginn a säit 2005 schafft hatt als professionell Fotografin. Am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022, huet d’Jessica elo zwee grouss a perséinlech Projete realiséiert, déi him ganz wichteg sinn.

De Portrait vun der Gesellschaft

D’Iddi fir de Projet mat de Spigelen ass dem Jessica komm, wéi hatt seng eege Fotoen duerchstöbert huet. Iwwer d’Joren huet hatt eng Rei Selbstportraiten gemaach, sougenannte Selfien, an dofir ëmmer e Spigel benotzt. „Ech hunn dunn iwwer d’Geschicht vun de Selbstportraiten nogeduecht, a wéi och schonn déi grouss Kënschtler sech fréier selwer gemoolt hunn“, erkläert d’Jessica. De berüümte Selbstportrait vum Van Gogh mam Bandage um Ouer fält engem do spontan an.

„Hautdesdaags huet de Selfie natierlech eng aner Roll an der Gesellschaft, mee et ass schonn interessant wéi d’Mënschen dovunner ugezu sinn.“

Eng Ausstellung fir matzemaachen

D’Jessica huet doropshin de Projet „Spieglein Spieglein – miroir miroir“ entwéckelt, an deem Fotographie mat Spigelen op eng participativ Aart a Weis matenee verbonne gëtt. An de Gemengen Esch-Uelzecht, Schëffleng, Déifferdeng an a Frankräich, fënnt een an de nächste Méint dem Jessica seng Installatiounen. „Hei kann een dann e Selfie maachen op dem een souwuel sech selwer, wéi och zwou Plaze gläichzäiteg gesäit: Déi Plaz wou ee selwer ass am Spigel, an déi Plaz déi een op der Foto gesäit. Sou gëtt een duerch de Spigel transportéiert an et ass een op zwou Plaze gläichzäiteg“, erkläert d’Jessica.

Dat gëtt dann e flotten Effekt mat Reflexiounen, Luucht, Kontrast a Faarwen. Wou all d’Installatioune stinn, kann een och ganz einfach um Internet kucken.

E Spigelbild fir d’Regioun

Déi Plazen, respektiv Fotoen déi een am Spigel gesäit, sinn alles aner Plazen aus der Esch2022 Regioun. Sou gesäit een dann och e Stéck vun deene Plaze wou ee grad net ass. „D’Leit kënne sou e Bléck op sech selwer, hir Regioun an déi verschidde Standuerter werfen. Et geet drëms sech selwer a seng Regioun nei ze entdecken“, seet d’Jessica. Ausserdeem kënnen d’Leit och e Selfie mam Handy maachen an deen duerno op de soziale Medien deelen.

Sou kënnen hir Selfien op der finaler Ausstellung, den 8. Dezember am H2O zu Déifferdeng, dobäi sinn.

Matmaachen an entdecken

Bis dohinner sollen d‘Visiteure awer fläisseg matmaachen a Selfië knipsen bis se ëmfalen. Nach bis Mee sinn d’Fotokabinnen zu Esch ze fannen, a gläichzäiteg och nach op 3 Plazen a Frankräich. Duerno wandert d’Ausstellung an déi nächst Gemeng. „D’Fotoe ginn och all Kéiers ersat wann d’Ausstellung weiderzitt, et kann een deemno och e puer mol op Entdeckungstour goen“, seet d’Jessica.

Fir hatt ass et op alle Fall immens spannend ze gesinn, wat d’Leit fir Fotoe maachen a wéi si säi Projet erliewen.

Weider Projeten

Ab dem Juni, fänkt dann dem Jessica säin zweete Projet un. Hei geet et ëm „wëllen Offall“, also Dreck deen d’Leit an d’Natur geheien – e ganz anert Thema also. „Beim Projet 1001Tonnen geet et ëm déi risegrouss Quantitéit un Dreck déi mir Lëtzebuerger ewech geheien. D’Thema ass hei manner philosophesch, mee schwätzt ganz konkret d‘Problematik vun eiser Konsumgesellschaft un“, seet d’Jessica.

Dëse Projet wäert mam „Take Action Day“, de 25. Juni am Bâtiment 4, ufänken an och mat enger grousser Botzaktioun verbonne ginn. D’Jessica Theis, huet also zwee Projeten op d’Been gestallt déi net nëmme visuell usprochsvoll sinn, mee och zum Denken ureegen an wou all Bierger ka matmaachen. Wann si dëst da mat esou vill Engagement maache wéi d’Jessica, da léist de positiven Impakt bestëmmt och net laang op sech waarden.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom