Cordonnerie Mazzoni – E Schouster wéi fréier

Cordonnerie Mazzoni – E Schouster wéi fréier
Shopping, Entrepreneuriat & Innovation

Den Gianfranco Mazzoni ass Schouster soulaang wéi hie sech erënnere kann. Ursprénglech kënnt hien aus der Regioun „Marche“ un der Ostküst vun Italien. Dës Regioun ass bekannt fir hir Traditioun a punkto Schousteren. Scho fréier goufen et hei vill kleng a grouss Betriber déi Schong gemaach hunn, an hei huet den Gianfranco och säi Beruff geléiert. Säit 1990 bitt hie säin Handwierk zu Esch un, an ass 2018 op seng nei Plaz an der Galerie Mercure geplënnert.

En traditonelle Beruff

De Beruff vum Schouster ass hautdesdaags manner gefrot, mee den Gianfranco bleift senge Clienten trei a si him och. „Dëser Deeg gi natierlech méi Turnschlappe gedroen an d’Leit kafen och méi séier nei Schong aplaz déi Al flécken ze loossen“, erkläert dem Gianfranco säi Bouf eis. Och hien huet de Beruff vu sengem Papp geléiert an hëlleft heiansdo am Betrib. „Mär maachen alles mam Lieder wat et gëtt: Schong flécken, nei Suelen drop maachen an och soss all Aarbecht wéi Liederspoche flécken oder Änleches“, erkläert hien.

Eng präzis Aarbecht

Dobäi schafft den Gianfranco präzis a séier, eppes wat just mat jorelaanger Erfarung gläichzäiteg méiglech ass. Hie bitt och nach weider Servicer un, wéi zum Beispill Schlëssele kopéieren oder Zylinderen an Dieren asetzen. „Dat sinn déi typesch Servicer, déi ee vu Schousteren hautdesdaags kennt, an déi sinn och nach ëmmer gefrot.“ Wärend den Escher Blog sech mam Gianfranco sengem Bouf ënnerhält, schafft hie fläisseg weider. E puer Stiwwele brauchen eng nei Suel, e Rimm muss gefléckt ginn, do ass keng Zäit fir eng Paus.

Eng Schousterfamill

D’Aarbecht läit dem Gianfranco am Blutt. Houfereg steet hie bei senger Maschinn a poséiert fir eng Foto. „Eis ganz Famill schafft am nämmlechte Beruff. Pätter, Cousinen, de Monni, jiddereen ass Schouster. Si hunn all nach richteg Schousterbetriber hei am Land“, erkläert säi Bouf weider. „Et ass eng haart Aarbecht, mee si gëtt belount wann eis Clienten zefridde sinn“, seet hien. Sou bréngt d’Famill Mazzoni e Fonken italienesch Handwierkskonscht op Lëtzebuerg, an den Gianfranco op Esch. Wien also zu Esch e Schouster sicht, dee weess wou en hi muss.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom