In Transfer – A New Condition

In Transfer – A New Condition
L'idée du weekend, Esch2022

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Sou zum Beispill déi nächst grouss Ausstellung am Kader vun Esch2022: In Transfer – A New Condition. Do gëtt et esou munches ze entdecken wat ee staune léisst a wat zum nodenken ureegt.

Eng Verwandlung

Ausgangspunkt vun der Ausstellung sinn d’Möllerei an den Escher Universtéitsquartier Belval als Beispill vun enger Gesellschaft an Transitioun. Eng Plaz wou fréier Stol produzéiert gouf, wou d’Kamäiner gedämpt hunn a schwéier kierperlech Aarbecht geleescht gouf, ass elo eng Schafensplaz vu Kultur, Konscht a vum Léieren a vun der Fuerschung. Et geet theematesch also „ëm dat dertëschent, d’Verwandlung, d’Verännerung.“

Eng nei Generatioun

Ars Electronica ass eng Schnëttstell vu Konscht, Technologie a Gesellschaft, déi sech an Hand vun Ausstellungen, Bildungsprogrammer a Fuerschungsprojeten mat der Zukunft vun eiser Gesellschaft beschäftegt. Fir „In Transfer – A New Condition“ hu si eng ganz Rei Kënschtler a Kënschtlerinnen an d’Möllerei bruecht déi sech ëmmer genau op deem Punkt vun der Verwandlung an de Spannungen déi dobäi entstinn beweegen. Se bidden de Visiteuren hire Point de vue, ouni ze jugéieren oder ze bewäerten.

Vill ze gesinn

Bal 30 Kënschtler a Kënschtlergruppen versichen esou hir Visioun vun der Zukunft, vun der Verwandlung oder vun der Gesellschaft an d’Liicht ze réckelen. Mat verschiddensten Originnen, Iddien a Methoden droen si dozou bäi dass „In Transfer – A New Condition“ eng Ausstellung ass, déi zu all Zäitpunkt ofwiesslungsräich, interessant an inspiréierend wierkt. Zousätzlech gëtt d’Ausstellung vun engem Programm mat Féierungen, Workshops sou wéi Gespréicher mat Kënschtler a Kuratore begleet.

De Plang

„In Transfer – A New Condition“ fënnt ee vum 3. September bis de 27. November an der Möllerei zu Esch-Belval. D’Ausstellung ass bis Oktober all Dag, ausser dënschdes, vun 11 Auer moies bis 7 Auer owes op, am November bis 6 Auer owes. Déi nämmlecht Zäite gëllen och fir gesetzlech Feierdeeg. All éischte Sonndeg am Mount, a vum 5. Bis den 11. November ass den Entrée gratis. All weider Informatiounen an Ticketen, fannt Dir online.

Photo Credits (from top to bottom): DISINOVATION.ORG, Agnes Meyer-Brandis, Kenjo Watanabe, Cod.Act, Quayola

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom