ACAIE: Lokal akafen ass wichteg!

ACAIE: Lokal akafen ass wichteg!
Shopping

De Nicolas Kremer, vu villen och einfach Néckel genannt, gehéiert zur Escher Geschäftswelt wéi soss keen. Als President vun der ACAIE representéiert hien net nëmmen d‘Geschäftleit vun Esch, mee och d’Handwierker an d‘Industrie-Betriber. Hien huet ëmmer en oppent Ouer fir seng Memberen. Hie selwer huet mat der Bijouterie Hirsch-Glesener e Geschäft mat senger Fra an der Uelzechtstrooss a weess vu wat hie schwätzt.

„Momentan hu mer eng speziell Situatioun, mee am Allgemenge geet et der Escher Geschäftswelt net esou schlecht wéi d’Leit heiansdo mengen. Op mannst virun der Pandemie war dat de Fall. Duerch d’Pandemie ass den Ëmsaz schonn zeréckgaangen. Et gi Geschäfter déi mierken et ganz staark, anerer manner, mee insgesamt ass de Schued grouss.“ Dobäi léisst hien de Kapp awer net hänken.

„Et ass een net Commerçant, wann een net all Dag d’Äerm eropkrämpelt an eng Schëpp uleet. Et ass och e grousse Wëllen do vun eis, vun der Escher Politik a vun de Geschäftsleit selwer eppes z’ënnerhuelen.“

„Et ass wichteg, dass d’Geschäft erëm un d’Rulle kënnt, mee vum selwe geet et net.“ Dofir, seet den Néckel, ass et wichteg dass d’Leit lokal akafen. „Lokal akafen ass wichteg aus ville verschiddene Grënn. Op enger Säit ass et wichteg fir eis Communautéit. Et ass jo an de leschte Méint offensichtlech ginn, dass mir alleguer musse méi zesummenhalen. Lokal akafen heescht jo och, déi Leit déi dës Geschäfter hunn ënnerstëtzen. Dat kann den Noper sinn, d‘Cousine oder en ale Schoulkolleeg, dem seng Aarbecht dovun ofhänkt.“

Och d’Stadbild ass ofhängeg dovun dass d’Leit méi lokal akafen.

Awer och d’Stadbild, esou seet de Nicolas Kremer, ass ofhängeg dovun dass d’Leit méi lokal akafen. „Ech mengen et huet ee jo déi Videoe gesi vum Lockdown, wou d’Stroossen all eidel waren an eise Stied, wou kee Mënsch op der Strooss war. Dat war ganz uerg. Wann d’Leit just nach iwwer Internet akafen, da gesäit et gläich iwwerall esou aus.“ Trotzdem seet de Nicolas Kremer, muss een awer och do differenzéieren. „Wann een onbedéngt well um Internet shoppen, da kann een dat jo awer op lëtzebuergesche Säiten maachen, a bei Lëtzebuerger Geschäfter.“

Jidderee spillt awer eng wichteg Roll an dem ganzen Ecosystem. „D‘Buttéker am Stadkär kënnen nu mol just iwwerliewen, wa si och genuch Ëmsaz maachen.“ D‘Attraktivitéit vun engem Stadzentrum steet also an direkter Verbindung mat den Akafsgewunnechte vun de Leit. En attraktive Stadkär mat Buttéker, Caféen a Restauranten ass och méi flott fir eng Stad an hir Bewunner.

„Et kann een sech hei zu Esch e neit puer Schong oder e Brëll kafe goen – alles wat ee brauch fënnt een hei – an dann eben och e Kaffi drénke goen oder eng Pizza iessen.“ Dat ass dach vill méi flott wéi et um Handy ze bestellen, et muss een ebe just vum Canapé opstoen.

„Et geet erëm biergop, mee et ass wichteg dass mir all zesummenhalen. Mir zéien all um selwechte Strang, op elo hei zu Esch oder soss anzwousch.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom