Blummeland – Blummen a Planze vun A bis Z

Blummeland – Blummen a Planze vun A bis Z
Shopping

Mat vill Passioun an Engagement suergt de Jo Metzler dofir, dass am Blummeland all Client zefridden zu Dier erausgeet. Mat enger ganzer Rei vu verschiddene Produiten a Servicer, suergt d’Ekipp vum Blummeland fir déi néideg Grëtz Natur, Faarf an Doft am Liewe vun hirer Clientèle. Am Interview zielt de Jo eis vun hire ville Servicer, der Entwécklung vum Blummeland a senge Pläng fir d’Zukunft.

Den Escher Blog: „Wat ass d'Blummeland ?“

Jo Metzler: „D‘Blummeland ass eigentlech vu bis: also den normale Blummen-, Deko- a Planzebuttek wou de Client deen duerch d’Uelzechtstrooss geet ka seng Akeef maachen, bis da bei Guardenaarbecht. Do hunn ech d’Gefill dass mär net genuch Reklamm fir dëse Service machen. Mär liwweren nämlech och Planzen bei d‘Leit heem am ganze Land. Och wann een am Buttek eppes Gréisseres gesäit wat een net eleng ka mathuelen kënne mär dat liwweren. An dann ass eis de Service um Client och immens wichteg. Do si mär wierklech dohannert.“

„Et ass wierklech alles vun A bis Z wat mat Blummen a Planzen ze dinn huet, vu Frëschblummen a saisonale Produiten bis bei all Zort vu Planzen. Mär liwweren u Restauranten a stinn de Leit och bäi bei Begriefnisser an natierlech och méi flotte Momenter wéi Hochzäiten, Kanddaf oder Gebuertsdeeg zur Verfügung. Also mär maache wierklech vill. An ech vergiessen och ëmmer Saachen. Ech denken elo zum Beispill un d’Grabpflege déi mär och dat ganzt Joer iwwer maachen.“

Den Escher Blog: „Wéi huet d'Blummeland sech an de leschte Joren entwéckelt? Gëtt et eppes Neies?“

Jo Metzler: „Mär plange scho säit laangem komplett ze renovéieren. Dat ass awer elo an den nächsten ee bis zwee Joer nach net wierklech en vue. Mär probéieren natierlech ëmmer nei Produiten unzebidden. Mär kréien zum Beispill erëm Fournisseruen eran déi eng Zäit net méi heihi geliwwert hunn, déi verschidde Käerzen, Doftsprayen, asw ubidden. Dann hu mär och nei Fournisseure fir Cache-poten an Dëppen déi elo nach dëse Mount wäerten erakommen. Mär hunn eng ganz flott gemëschte Clientèle an do wëlle mär natierlech fir jiddereen eppes ubidden.“

„Nei ass och, dass mär iwwer Letzshop verschidde Saache verkafen a liwweren, haaptsächlech alles wat Bouquete sinn. Dat ass och eppes wou vill Leit nach net esou wëssen, wat fir eis an och fir d’Cliente ganz flott ass.“

Den Escher Blog: „Ginn et speziell Pläng fir d’Zukunft vum Blummeland?“

Jo Metzler: „Jo, mär hunn elo fir den 3. a 4. Mee eng Summerausstellung geplangt, déi e bëssen de Pendant zu eiser legendärer Chrëschtausstellung soll sinn. Do läit de Fokus dann um Summer an op Summerplanzen a Jardinièren.  Déi wäerte mär ausstelle fir de Leit e bëssen e Summerplanzen-Feeling ze ginn. Mär hunn och en neie Logo fir de Buttek, deen een do dann och fir d’éischt wäert méi prominent gesinn.“

Den Escher Blog: „Gëtt et eppes wat Iech iwwerrascht huet an de leschte Joren?“

Jo Metzler: „Ech weess net ob ee ka vun iwwerrascht schwätzen, mee d’Leit sinn nach ëmmer frou wann si e gudde Service an e gudde Produit kréien, ob dat elo bei eis am Buttek ass oder anzwousch anescht. Si wëlle gutt encadréiert a berode ginn, an dat ass immens wichteg. Mee jo, ech mengen op déi do Fro hunn ech keng gutt Äntwert.“

Den Escher Blog: „Wann Dir engem Commerçant zu Esch kéint en Tipp ginn, wat wier dat?“

Jo Metzler: „Ech mengen et ass wichteg sech selwer ze vertrauen an d’Sécherheet a sech selwer ze hunn an ze soen: voilà, ech bidden e Produit un dee gutt ass an ech gleewen un de Produit a presentéieren deen och anstänneg. Ech mengen da geet dat och, egal wat et ass. Et gesäit een dat ëmmer erëm wa Geschäfter opginn, déi qualitativ gutt Saachen ubidde, mat engem gudde Präis a guddem Service. Déi ginn dann och gutt.“

„Et gi jo awer mëttlerweil vill Butteker, déi an deene leschten zéng Joer zu Esch opgemaach hunn an déi net erëm zougemaach hunn. Wann een esou Plaze wéi den Drupi’s, Céline in the Kitchen an d’Lola Valerius kuckt, dat si gutt Beispiller dofir.“

Den Escher Blog: „Beschreift d'Blummeland an 3 Wieder!“

Jo Metzler: „Familiär, Éierlechkeet a Qualité-Prix.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom