Équipe de Proximité – Am Asaz fir eng propper Stad

Équipe de Proximité – Am Asaz fir eng propper Stad
Découvrir

D’Equipe de Proximité ass säit méi wéi 6158 Deeg ouni Paus am Asaz fir d’Stad Esch propper ze halen. 7 Deeg an der Woch an 365 Deeg am Joer, suergen haut 26 Mataarbechter dofir dass een sou mann wéi méiglech Dreck am Zentrum vun Esch oder um Belval fënnt. Si sinn och bei de villen Evenementer zu Esch um Dill. Wärend der Nuit de la Culture oder dem Escher Kulturlaf zum Beispill, suergen si dofir dass d’Poubellen net iwwerlafen an all d’Plazen sou propper hannerlooss ginn, wéi se virdru fonnt gi sinn.

Fir déi vill Aarbecht z’assuréieren hunn si e Fuerpark mat insgesamt 16 Gefierer; vu Camionnette bis modern Kiermaschinnen déi manner Kaméidi maache wéi fréier. Fir vill Leit stellen si och den direkte Kontakt zur Gemeng duer. Ëmmer fir eng Suggestioun oppen, freeën si sech wann si en Hiweis vun de Leit kréie wou et mol méi oder manner ze botze gëtt. Eng grouss Stad wéi Esch propper ze halen ass also eng Erausfuerderung, eng déi d’Equipe de Proximité awer mat Bravour meeschtert.

D’Awunner vun Esch sinn hinnen dankbar fir hir haart an onermiddlech Aarbecht. Si loossen sech och net dovunner decouragéiere wa verschidde Leit heiansdo respektlos Dreck op de Buedem geheien. Dat ass schwéier ze kontrolléieren, bal sou wéi Kommentaren op de Soziale Medien oder Artikelen an engem Touristeguide. Leider ginn et ëmmer Leit, déi verschidde Plaze méi knaschteg hannerloosse wéi si se virfonnt hunn.

Mee dofir hu mär jo d‘Equipe de Proximité, déi suergt dofir dass et hei picobello ass. Dank hirem Engagement scheie mär kee Verglach mat anere Stied, wann et drëms geet wou d’Stroossen an d’Stroosseluuchten am meeschte blénken.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom