Eng gutt Coupe fir jiddereen
Fir den Antonio „Tun“ de Oliveira ass d’Uelzechtstrooss de Mëttelpunkt vun Esch. Als „Escher Jong“ war dat dann och déi eenzeg richteg Plaz fir säi Coiffeur-Salon. „Eng aner Plaz kéint ech mir guer net méi virstellen“, erkläert den Tun. Och wann säi Salon virdru bei der Gare war, huet hien nëmmen op eng Geleeënheet gelauert fir kënnen an d’Uelzechtstrooss ze plënneren.

Hei am Häerze vu „senger Stad“, fillt den Tun sech mat senger Ekipp wuel. Insgesamt 13 Coiffeuren an 2 Estheticienne schaffen a sengem Salon a këmmeren sech mat vill Freed ëm all Client. „Fir mech ass dat Wichtegst dass jiddereen zefridden hei erausgeet, dass en sech transforméiert fillt, méi schéin an houfereg,“ erzielt den Tun. Dofir hëlt seng ganz Ekipp och reegelméisseg u Formatiounen Deel fir hire Repertoire un Knowhow weider z‘entwéckelen.

“Hei geet kee mat enger schlechter Coupe eraus.”

Coiffeur Createur By Tun huet dann och e puer Spezialitéiten. Sou ass zum Beispill alles wat „compléments capillaires“ ass e Schwéierpunkt, also Hoerersaz, Parrécken, Extensions, asw. Och a punkto blond Faarwen trëfft dem Tun seng Ekipp ëmmer de richtegen Toun. All Coiffeur an der Ekipp huet awer och nach seng eege Stäerkten, sou dass fir all Typ Client de richtege Coiffeur do ass. „Eng divers a variéiert Ekipp ass wichteg, well eis Clientèle natierlech och ganz villsäiteg ass.“
Ëmmer um neiste Stand
Am Kader vun hire reegelméissege Formatioune kënnen d’Coiffeure bei him am Salon sech och ëmmer weiderentwéckelen. „Et muss een sech ëmmer erëm nei erfannen, och als Coiffeur, well d’Moud déi ännert ganz rapid.“ Säit 7 Joer Chef vu sengem eegene Salon, mécht den Tun hei e besonneschen Effort, fir dass seng Ekipp ëmmer um neiste Stand, och vun der Technik ass. „Nëmmen sou kënne mir fir all Client propper, exakt an zefriddestellend schaffen. Hei geet kee mat enger schlechter Coupe eraus.“

Dëse Fokus op den Detail, präzis Aarbecht an awer och d’Relatioun zum Client sinn dem Tun am wichtegsten. Als Escher Bouf kennt hie vill Leit hei zu Esch, déi dann och emol iwwerrascht sinn, well hien hire Numm kennt wann si fir d’éischt an de Salon kommen. „D’Communautéit vun esou enger lieweger Stad wéi Esch ass immens wichteg fir eise Salon. An natierlech och d’Lag hei mëtten am Zentrum. D’Proximitéit zum Theater, der Gemeng an de ville Butteker a Restaurante ronderëm ass einfach onbezuelbar.“