Maison Felgen – Kleeder an Dreem

Maison Felgen – Kleeder an Dreem
Shopping

D’Maison Felgen ass en Traditiounshaus a punkto Hochzäitsmoud zu Lëtzebuerg. Säit méi wéi 30 Joer ass d’Geschäft zu Esch eng vun de bekanntsten Adressen, a steet fir Qualitéit a professionell Berodung. Säit 2015, dirigéiert de Jean-Pierre Lucani de Betrib an ass nach ëmmer esou begeeschtert wéi den éischten Dag. Mat sengem eegene Buttek fir Hochzäitsmoud huet hien sech e liewenslaangen Dram erfëllt. “Dat war scho vu klengem u mäin Dram e Brautbuttek opzemaachen”, erzielt hien.

Et gëtt näischt méi Schéines!

Wéi de Jean-Pierre jonk war, ass hie Samschdes oft mat senger Mamm Hochzäite kucke gaangen. “Dat war fréier esou. Wann ee bestuet ginn ass deen ee kannt huet, dann ass ee bei d’Kierch kucke gaangen”, erënnert hien sech. Do huet hien dann och seng Leidenschaft fir de wäisse Rack entdeckt, deen och haut nach bei villen Hochzäiten am Mëttelpunkt steet. “Et gëtt einfach näischt méi Schéines wéi eng Braut am wäissen Hochzäitskleed.”

No enger laanger Karriär am Commerce, ass 2015 dunn säin Dram an Erfëllung gaangen. Hien huet d’Maison Felgen vun der Madamm Felgen iwwerholl. “Si war frou e Successeur fonnt ze hunn, deem si vertraue konnt, an ech war geéiert esou e renomméiert Haus dierfen ze iwwerhuelen”, seet de Jean-Pierre. Säitdeem steet hien all Dag mat Rot a Dot parat.

All Cliente ass anescht

D’Berodung vun enger Braut ass fir hien, nieft der Selektioun vun de Kleeder a Stëfter, den zentralen Aspekt vu senger Aarbecht. “Et geet drëms eng Connectioun zur Cliente opzebauen an si an hirem Choix ze guidéieren.” An do ass all Cliente anescht an huet aner Wënsch. “Ech muss als éischt erausfanne wéi een Dram si vläicht huet, an da kucke mir zesummen ob dat machbar ass oder net.”

De Choix vum Kleed ass natierlech de wichtegsten Deel, mee domat ass awer fir de Jean-Pierre just en Deel vun der Aarbecht gemaach. Duerno muss d’Kleed oft nach ugepasst ginn. Dorunner schafft dann eng professionell Schneiderin am Atelier. “An der Haaptsaison hu mir och alt emol bis zu 4 Schneideren am Haus sëtze fir all d’Kleeder perfekt fäerdeg ze kréien,” erkläert hien. An da muss hien sech natierlech ëmmer um Courant hale wat d’Moud ubelaangt a seng Kollektioun ausbauen.

„De magesche Moment ass ëmmer wann d’Braut dann hiert Kleed fënnt. Dat ass ëmmer erëm wonnerschéin. Do gëtt et dann heiansdo och emol emotional“, schwäermt den Jean-Pierre. Beim grousse Moment dann op der Hochzäit ass hien normalerweis net dobäi, mee och fir hien ass dëst ëmmer e wichtege Moment. „Eng Hochzäit mat engem Kleed aus der Maison Felgen, wou jiddereen op eng Braut kuckt déi straalt a begeeschtert ass, dat ass déi beschte Reklamm fir mech.“

Traditioun a Qualitéit zu Esch

D’Renommée vum Haus an d’Qualitéit vu sengen Hochzäitsräck a Cocktailkleeder suergen dofir, dass Clienten aus dem ganze Land bei hie kommen, an dank der kuerzer Distanz zur Grenz, och aus dem noen Ausland. Zu Esch fillt hien sech och wuel säitdeems hie fir säi Geschäft heihinner geplënnert ass. „Ech si ganz begeeschtert well ech fannen, dass et ganz flott hei am Minett ass. Esch ass eng ganz schéi Stad, eng richteg kleng Metropol an ech hunn d’Gefill, dass villes hei manner komplizéiert ass wéi op anere Plazen.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom