CS Fola Esch – Méi wéi Fussball

CS Fola Esch – Méi wéi Fussball
Sport

Um Fussball-Terrain kennt een se virun allem als den eelste Fussballveräin zu Lëtzebuerg. 1906 gegrënnt vum Jean Roeder, engem Englesch Proff deen sech op der Insel an de Sport mam ronne Lieder verléift hat, huet d’Fola iwwer méi wéi honnert Joer nach vill aner Rekorder als Pionéier gebrach. Hannert de Kulissen, schafft awer och eng ganz jonk Ekipp un héich motivéierte Leit fir aus der Fola méi wéi just e Fussballveräin ze maachen.

Am Grupp vun der Digitaler Kommunikatioun zum Beispill sinn d’Jo Welter, de Steve Marinangeli an de Stefan Guden mat Häerz a Séil dobäi. Net nëmme maachen si alles fir de Veräin ze moderniséieren, si konzentréieren sech och op d’Valeuren déi aus hirem Veräin eppes extras maachen. „D‘Fola ass wéi eng Famill fir eis,“ seet de Stephan. A wäit hier geholl ass dat net, sou war zum Beispill dem Jo säi Grousspapp Trainer, seng Groussmamm huet dem Veräin als Chauffeur gehollef a säi Papp war spéider Directeur Sportif. Beim Stephan a beim Steve ass dat ganz ähnlech.

„Dëse Communautéits Gedanken zitt sech wéi e roude Fuedem duerch de Veräin,“ soen si. An zu dëser Communautéit soll jiddereen dierfe gehéieren. Besonnesch bei de Kanner a Jugendleche gëtt do vill Aarbecht geleescht. Toleranz, Diversitéit, Inclusioun a Chancëgläichheet . Dorop baut de Veräin op a probéiert deene Jonken dës Iddie mat op de Wee ze ginn. Dofir ass dem Stephan dat Mënschlecht och ganz wichteg, wann et drëms geet d’Jugend Traineren erauszesichen.

Eng Schoul fir d‘Liewen

„All Trainer ass och e Pedagog,“ erkläert de Stephan. „Do si ganz vill Kompetenze gefrot déi net vill mat Fussball ze dinn hunn. Oft ginn si zu enger Referenzpersoun fir déi Jonk.“ Si mussen sech op Dauer zum Beispill weiderbilde fir un der Staang ze bleiwen. „Déi beschte Jugendtrainer sinn déi, déi hiert Liewe laang gewollt si selwer dobäizeléieren.“ A fir déi ronn 280 Kanner a Jugendlecher ze betreien, brauch de Veräin och 26 Jugendtrainer.

Fir dass alles ronn leeft, brauch een awer net just Traineren. Sou schaffen zum Beispill 10 Leit an der Jugendkommissioun an 2 an der Buvette, déi meescht dovunner als Benevole. An da kënnt natierlech nach de Comité, de Staff sportif, Dokteren a Physio, 15 Leit am Conseil d’administration, 10 am Sponsoring a 6 an der Digicom Ekipp dobäi. D’Eltere vun de Spiller hëllefen och oft, zum Beispill bei der Organisatioun vun Turnéieren. Der Philosophie vum Veräin trei, ass dat Ganzt also e gemeinsamen Effort, wou jidderee muss zesumme schaffen.

Méi wéi just Fussball

Dem Club seng Aarbecht hält do awer net op. Och Valeure wéi Nohaltegkeet an e staarkt Bewosstsinn vis-à-vis vun der Natur sinn hinne wichteg. Sou hu si viru kuerzem zesumme mat enger Rei aneren Acteuren eng Aktioun gestart wou si Fussballschong gesammelt hunn, déi net méi benotzt ginn. Aplaz dës ewech ze geheien, goufen se gespent u Kanner déi sech selwer keng kënne leeschten. „Sou kann een anere Kanner hëllefen a gläichzäiteg eppes fir d’Ëmwelt maachen.“

Op Dauer wëllen si de Veräi komplett méi nohalteg gestalten, och wann dat e bëssen Zäit brauch. Et ginn awer och nach vill aner Projeten, wou de Veräin ausserhalb vum Terrain aktiv ass. Sou organiséieren si nach aner spezifesch Aktioune wou déi jonk eppes léieren, z.B. a punkto Verkéierssécherheet. U Pläng fir d’Zukunft feelt et och net, sou schaffe si momentan un engem Projet fir eng Kollaboratioun mat lokale Kënschtler ze maachen.

Mat vill Enthusiasmus also, ass d’Fola dobäi sech ze moderniséieren als e Veräin deen nach méi e staarken Impakt op déi Jonk an op d’Gesellschaft soll hunn. Besonnesch de Communautéits Gedanke fënnt en Echo an der lokaler Gesellschaft. An d’Wäerter déi vermëttelt ginn – Toleranz, Diversitéit, Inclusioun a Chancëgläichheet –  spigelen Esch, d’Heemescht vum Veräin, eent zu eent erëm.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom