Vum Klassesall op d’Ausstellung

Vum Klassesall op d’Ausstellung
Culture

Fir de Christian Schaack ass den Optiouns Cours Fotografie deen hien am LGE hält méi wéi nëmmen e Cours iwwer Fotoen. Mat enger ganz konkreter a praktescher Approche, probéiert hien de Schüler d’Fotografie méi no ze bréngen. „Soubal et net reent gi mir eraus. Et ass Schoul dobaussen an Esch. D’Schüler solle Spaass un der Fotografie hunn an trotzdeem konzentréiert schaffen“, erkläert hien. „Et ass eng Pedagogie vum Moment. Et geet drëms Momenter anzefänken, de Bléck ze aiguiséieren, ze spiere wann de Sujet op der richteger Plaz ass a richteg cadréiert ass.“

Bei de Schüler fënnt dës Optioun grousse Succès, och wann si aus ganz verschiddene Grënn de Cours ausgewielt hunn. Fir de Louis Hargarten vun der 1ère A war et zum Beispill seng Schwëster déi him d’Iddi ginn huet. „Ech hunn d’Optioun vu menger Schwëster kannt an et huet mech interesséiert, obwuel ech virdrun net vill mat Fotografie um Hutt hat.“ D’Lola Reinhart huet Inspiratioun vu sengem Papp krut.

„Mäi Papp mécht gäre Fotoen, dofir hunn ech dat vun doheem gutt kannt. Mir hunn och vill verschidde Fotoapparaten doheem, déi ech ka benotze wat cool ass.“

Mat de 35 Schüler déi lescht Joer säi Cours besicht hunn, huet de Christian Schaack souguer eng Ausstellung zesummegestallt. Zum Thema „Street Fotografie“ sinn si am Cours duerch Esch gezu fir Momenter vun hirer Stad ze fotograféieren a gläichzäiteg och Esch ze entdecken. „Esch ass eng immens divers Stad, a vill Schüler kommen zwar hei an d’Schoul mee wunnen net onbedéngt hei. Sou konnten si dann och Esch entdecken.“

De Louis gëtt deem Echo, obwuel hie selwer Escher ass. „Et gi souvill verschidden Ecker a Stroossen hei. Op deenen enge spille Kanner, an där anerer si Geschäfter, an nach aneren ass et ganz roueg.“

De Cours dréit also zwee puer Schong, wat bei de Schüler gutt ukënnt, besonnesch wann dann esouguer eng Ausstellung dobäi erauskënnt. „Dat gëtt engem e gutt Gefill a valoriséiert och d’Aarbecht. Et ass flott dass d’Schoul dat ubitt an och aner Leit d’Fotoe kënne gesinn déi ee gemaach huet“, seet d’Lynn Reimen vun der 1ère A. All Schüler kann an der Ausstellung och seng eegen Approche zur Fotografie weisen.

Wärend d’Lola zum Beispill am léifste Momenter afänkt an Erënnerunge festhält, ass d’Lynn dovu begeeschtert dass een normal Géigestänn ganz anescht duerstelle kann an aus normale Saachen eppes méi Extraes maache kann.

D’Ausstellung representéiert déi ganz Bandbreet vun Approchë vun de Schüler, a si sinn houfreg dass aner Leit hir Aarbecht kënne kucke goen. „Am ganze sinn et 105 Fotoen a vun all Schüler ass op mannst eng Foto dobäi. Sou kann all Schüler säi Point de vue mat abréngen“, explizéiert de Christian Schaack. Fir de Louis, als Escher, huet d’Ausstellung och nach en anere Virdeel: „Ech hunn et och flott fonnt fir Esch ze promoten a Form vun der Street-Fotografie. Et gesäit een e liewegt Bild vun Esch, sou wéi een et vläicht net gewinnt ass.“

D’Ausstellung kënnt Där nach bis Enn Mäerz am Pop-Up Esch kucke goen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom