Musée National de la Résistance – E wichtegt Stéck Erënnerung

Musée National de la Résistance – E wichtegt Stéck Erënnerung
Culture, Education & Recherche

Fir dass d’Erënnerungen net verluer ginn

De Musée national de la Résistance (MNR) ass net nëmmen e wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht, mee och en architektoneschen a kulturellen Highlight vun der Stad Esch. 1956 op Initiativ vu Lëtzebuerger Resistenzler entstanen, ass de Musée zesumme mam Krichsdenkmal zu Éiere vun den Affer vum Nationalsozialismus an den Aarbechter, déi an de Minnen a Fabricken am Süde vum Land gestuerwe sinn, gebaut ginn. Hautdesdaags suergt de Musée, dee momentan komplett renovéiert gëtt, dofir dass d’Erënnerungen un déi schwéier Zäite vun deemools net verluer ginn.

En Terrain fir geféierlech Entwécklungen

D’Elisabeth Hoffmann an de Jérôme Courtoy, zwee jonk Historiker am MNR, schaffen un ëmmer neie Weeër fir de Leit d’Zäit vum Zweete Weltkrich, d’Liewen an der Diktatur an d’Konsequenze vun där Zäit méi no ze bréngen. „Et mierkt een dass d’Leit oft kee Bezuch méi zu där Zäit hunn, well et och net méi vill Zäitzeie ginn. D’Flüchtlingskris an d’Covid Pandemie hunn dat och gewisen. Et kënnt schnell zu Diskriminatiounen, wat en Terrain fir geféierlech Entwécklunge ka sinn“, erkläert d’Elisabeth Hoffmann. „Vill Leit wëssen zum Beispill net, dass och vill Lëtzebuerger am Zweete Weltkrich Flüchtlinge waren“, ergänzt de Jérôme.

E Parcours géint d'Vergiessen

Fir un dës Zäiten z’erënneren, ass de Musée am gaangen d‘ „Parcours de la mémoire“ an d’Liewe ze ruffen. Dës zwee Parcourse kann ee mat Hëllef vun enger Broschür oder der Izitravel App oftrëppelen an dobäi eppes iwwer d’Geschicht vun eisem Land, a besonnesch der Stad Esch, léieren. „Deen een Tour féiert op historesch Plazen aus där Zäit, wou ee sur place Saache gesäit oder unhand vu Bildmaterial gewise kritt, wat deemools do geschitt ass. Sou ass d’Geschicht direkt vill méi gräifbar fir d’Leit a vill vun hinne sinn iwwerrascht wat deemools an hirer Noperschaft geschitt ass.“

Perséinlech Schicksaler a Geschichten

Den zweeten Tour dréint ronderëm d’Stolpersteng. Op dësem Wee kënnt een op Plaze wou Stolpersteng placéiert goufen a wou un d’Affer vum Nationalsozialismus erënnert gëtt. „Hei geet et ganz spezifesch ëm perséinlech Schicksaler a Geschichten aus der Zäit. Et ass eng biographesch Approche wou ee vun de Famillje léiert, déi deemools Affer vun de Nazi gi sinn.“ Déi zwee Parcoursen ergänzen sech gutt, a kënnen och a gemëschter Versioun gemaach ginn. De Musée bitt hei och guidéiert Touren un, wou ee vun engem Expert nach zousätzlech Informatioune kritt. „Do staunen d’Leit och gutt wann se zum Beispill d’Aschosslächer an der Gemeng gewise kréien, déi un d’Kämpf vum 10. Mee 1940 erënneren“, zielt d’Elisabeth.

Eng Stad voller Synergien

Fir déi zwee Historiker, ass Esch awer net nëmmen ee vun de wichtegsten Zeie vun där Zäit, mee och eng Stad déi vill ze bidden huet. „Esch ass immens spannend an et gi vill Synergien tëscht der Kultur an der Stad a senge Bewunner.“ Sou ass Esch eng Plaz, wou sech deemools vill ofgespillt huet, an déi och haut nach e wichtegen Zentrum vum Land an der ganzer Regioun ass. „Esch ass am Wandel an erlieft e gewësse Revival, och mam Campus Belval an der Uelzechtstrooss zum Beispill. Et ass och e multikulturelle Raum, deen immens räich u Kulturen ass, wat och fir de Musée wichteg ass.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom