Jidderee kennt se, déi rout Fassade vun der Rockhal vis-à-vis vum Campus Belval. An déi meescht Leit kennen déi helleg Halen net just vu baussen. Vun der Erëffnung mat The Prodigy 2005 a spéider Kënschtler wéi Rihanna, Alicia Keys, The Offspring oder IAm, gëtt et wuel kaum e Museksgoût deen hei nach net op seng Käschte komm ass. Awer och lokal Kënschtler sinn hei reegelméisseg um Rendezvous, wéi net zulescht den Testconcert vum 21. Mee gewisen huet, wou de Serge Tonnar seng Téin zum Beschte ginn huet.
„D’Joren hunn an Tëschenzäit méi wéi bewisen, dass et eng gutt Iddi war d’Rockhal ze bauen“, sou den Olivier Toth, Direkter vun der Rockhal. Vill vun de groussen, internationale Kënschtler sinn och begeeschtert vum Site. D’Rockhal selwer bestécht duerch hir exzeptionell gutt Infrastruktur, Akustik an Accueil vun den Kënschtler wärend hirem Openthalt. An de Site, mam Campus Belval an de stolene Spuere vun der Industrie, huet och schonn deen een oder anere Rocker begeeschtert.
„Mir leeschten an deem Sënn eng representativ Aarbecht fir d’Regioun, fir d’Stad Esch awer och fir eis ganzt Land. Och ënner Kënschtler gëtt et eppes wéi Héieresoen a mir hunn e gudde Ruff bei hinnen an hirem Entourage.“ Dobäi kënnt awer och nach e weideren Aspekt deen dem Olivier immens wichteg ass, d’Promotioun vu lokale Kënschtler.
Hei huet d’Rockhal mat hirem eemolege Rocklab, engem Inkubator fir Museker deen aus engem komplett ausgerëschte Museksstudio, Proufsäll, Producer Room, Meeting Rooms a Co-Working Spaces besteet, e richtege Coup gelant. „Bei enger Tour duerch d’Gebai huet zum Beispill d’Band KoRn eise Rocklab gelueft a mat enger Ariichtung zu Los Angeles vum Bassist vun de Red Hot Chili Peppers verglach.“
„D’Diversitéit vun de Leit zu Lëtzebuerg a besonnesch zu Esch spigelt sech am Talent erëm. D’Musek ass hei en immens positiivt Beispill. D’Aflëss bei de jonke Kënschtler si vill méi divers an doduerch entsteet oft eng eenzegaarteg Mëschung.“ D’Kulturen a Genre fléissen zesummen an d’Kreativitéit an hirem rauen Zoustand gëtt am Rocklab zu engem fäerdegen an authentesche Produit verfeinert. „Do si mir wierklech gespaant wat d‘Zukunft esou bréngt.“ D’Rockhal huet wat d’Zukunft ugeet och nach aner Kaarten am Spill, a plangt deemnächst och hir Säll weider auszebauen.
„Mir hu wëlles, zesumme mam Fonds Belval, wann d’Projeten dann all accordéiert ginn, an deem grousse wéi och an deem klenge Sall, weider Publikumsberäicher bäizebauen. Deen am klenge Sall ass am gaangen installéiert ze ginn. Do huet een eng ganz aner Méiglechkeet e Concert ze genéissen, an et gëtt eis vill méi Flexibilitéit wéi mir eise Raum notze kënnen“, erkläert den Olivier weider. Bis dohinner, ass an der Rockhal och nach vill Weideres lass.
Sou goufen zum Beispill eng Serie Testconcerte gemaach, déi bei dem graduelle Labbere vun de Covid-Restriktiounen hëllefe sollten. De Slogan vun deene Concerten ass „because music matters“ an am nämmlechte Sënn kéint een och soen: „because Rockhal matters“.