Les Majorettes de l’Alzette – Fir Accessibilitéit an Teamgeescht

Les Majorettes de l’Alzette – Fir Accessibilitéit an Teamgeescht
Sport

Wie kennt se net? D’Majoretten déi all Ëmzuch, Parade a grouss Manifestatioun begleeden a mat hire Choreographië fir Ënnerhalung suergen. D’“Majorettes de l’Alzette“ sinn ee vun de Veräiner déi virun allem zu Esch aktiv sinn. De Jose Estevez ass President vum Veräin a seng Duechter, d’Tania ass net nëmmen eng vun de Monitrice fir Grouss a Kleng, mee och Presidentin vum nationale Majorette Verband. Mat vill Engagement suerge si dofir, fir hir Passioun no vir ze bréngen.

Am ganzen zielen si ëm déi 50 aktiv Memberen, dorënner natierlech d’Dänzerinnen an eng Drum Band. Bei de „Majorettes de l’Alzette“ ginn et awer net nëmmen Dänzerinnen, mee och Dänzer. „Bei eis gëtt Accessibilitéit grouss geschriwwen. Mir hunn deemno och zwee Jongen an eiser Ekipp, a Persoune mat enger Behënnerung kënnen zum Beispill och bei eis matmaachen. Dat Wichtegst ass dass d’Leit Loscht matbréngen“, erkläert de Jose. Him ass et wichteg, dass keen ausgeschloss gëtt an dass si sech staark maache fir d’Barrière déi et an der Gesellschaft oft gëtt, ze duerchbriechen.

Training ass Dënschdes an Donneschdes wou och reegelméisseg Stagë vun internationale Championen ugebuede ginn. Dës sinn néideg, well d’Majorette maachen och bei internationale Kompetitioune mat. Sou hunn si zum Beispill 2019 bei der Europameeschterschaft zu Lignano an Italie matgemaach. „Mir woren eréischt déi zweet Lëtzebuerger Majoretten Ekipp déi deelgeholl huet. Dat ass schonn eppes ganz Besonnesches, de Veräi mam lëtzebuerger Fändel do defiléieren ze gesinn“, seet de Jose.

Fir d’Zukunft hunn d’Majoretten nach villes wëlles. Am Moment schaffe si zesumme mat enger Theater Grupp un enger gemeinsamer Performance fir am Oktober. Och fir Esch 2022 hu si eng ganz Rei Optrëtter geplangt an da bereede si sech och schonn op d’Europameeschterschaft 2022 a Kroatien fir. Dofir sinn d’“Majorettes de l’Alzette“ och ëmmer op der Sich no neien, motivéierte Leit, déi Loscht hunn matzemaachen. „De Wëlle fir ze léieren ass alles wat ee brauch bei eis“, seet d’Tania, dat e groussen Deel vun de Coursë leed.

Fir hire Sport weider no vir ze dreiwen, well de Jose a seng Ekipp an Zukunft och nach méi a Richtung Twirling goen. Dëst ass eng Variant vun der Majorette Choreographie wou een oder méi Objete mat den Hänn jongléiert ginn, fir se danzen ze loossen, änlech wéi den traditionelle Staf vun de Majoretten. „Dëst ass e bësse méi technesch an erlaabt et eis méi spektakulär Optrëtter ze maachen. Sou kënne besonnesch déi Jonk nach e Schratt méi wäit am Sport goen, wann si dat wëllen.“, explizéiert d’Bianca, dat selwer eng Beenprothees huet an trotzdeem mat vill Elan bei de Majorette matmécht a souguer Coursë gëtt.

D’“Majorettes de l’Alzette“ sinn och op villen aneren Evenementer dobäi an zerwéieren zum Beispill Gedrénks. All Samschde verkafen si Gegrills net wäit vun der ING Bank an der Uelzechtstrooss fir hiren Training, hir Kostümer an alles ronderëm ze finanzéieren. „Dat ass eist eenzegt Akommes an de Kontakt mat den Escher ass och ëmmer flott.“ Als Escher Veräin sinn si och haaptsächlech hei aktiv, ausser fir Nationalfeierdag, wou si ëmmer als éischt an der Stad an da kuerz drop zu Esch um traditionelle Cortège deelhuelen. „Fir eis ass dat eng Éier als éischt Esch an der Haaptstad ze representéieren an duerno an eiser Heemechtsstad dat Nämmlecht ze maachen“, erkläert de Jose ganz houfereg.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom