Camping’s Stuff – Liewensqualitéit op ville Niveauen

Camping’s Stuff – Liewensqualitéit op ville Niveauen
Gastronomie

Ëmmer gutt versuergt

Säit 2017 bedreift de Centre d’Initiative et de Gestion Local (CIGL Esch) d‘Camping’s Stuff um Gaalgebierg. Mat vill Asaz an Häerzblutt suergt de Max Schmit als Coordinateur dofir, dass jidderee bei him gutt versuergt ass: Engersäits d’Clienten déi an d’Camping’s Stuff eppes iessen oder drénke kommen, an anerersäits d’Mataarbechter déi sech iwwert de CIGL hei an enger Beschäftegungsmoossnam, enger sougenanntener „Mesure d’Emploi“, befannen. Säin Asaz an dee vu senge Mataarbechter suergen dofir, dass d’Camping’s Stuff besonnesch am Summer eng beléifte Plaz um Gaalgebierg ass.

E soziale Projet

De CIGL Esch hëlleft iwwer säin Engagement Leit déi sech an enger „Réinsertion professionelle“ befannen. Dëst si Persounen déi et aus dem engen oder anere Grond schwéier hunn hir Plaz um Aarbechtsmaart ze fannen. „Ech soen hinnen ëmmer, et ass de Marché du travail deen am Chômage ass, net nëmme si. Dofir schaffe si dann hei a mär hëllefen hinnen hire professionelle Projet z’optiméieren“, erkläert de Max. Sou kréien si nieft der Beschäftegung verschidden Ausbildungen a Formatiounen ugebueden, a kréien och soss all Hëllef déi si brauchen.

Zefridden um Gaalgebierg

D’Clientë vun der Camping’s Stuff kréie vun all deem näischt mat. „Se komme gären hei op d‘Terasse, a genéissen déi einfach, mee schmackhaft Kichen oder loosse sech et bei engem Humpe gutt goen.“ Vill vun hinne kommen och laanscht Fudder fir d‘Bewunner vum Déierepark sichen, wat een hei an enger klenger, praktescher Tut fir näischt kritt. Dat ass besonnesch bei Famillje mat Kanner ganz beléift. Sou si souwuel d‘Visiteure wéi och d’Awunner vum Gaalgebierg zefridden. A wie mol eng Kéier de Wee net fënnt, dee ka vum Catering Service profitéieren.

Op Aenhéicht

„Mär maachen do ganz vill. Catering fir grouss Eventer wéi zum Beispill d’Francopholies oder den Escher Theater, an awer och méi kleng Saache fir Veräiner oder Entreprisen. Heiansdo si ons Preparatiounen och extern ënnerwee, zum Beispill um “Chrëschtmoart“.“ Sou sicht d’Campings Stuff och ëmmer no neien Erausfuerderungen a Méiglechkeeten de Clienten eppes ze bidden. Gläichzäiteg ass déi ganz Ekipp staark am Asaz, besonnesch d’Käch, déi all eng professionell Ausbildung hunn. De Max koordinéiert dat ganzt awer op Aenhéicht: „Wéi de Coluche eemol sot: La hiérarchie c’est comme une étagère, plus c’est haut, plus c’est inutile.“

Eng Selbstverständlechkeet

Sou suergt d‘Camping’s Stuff fir e klenge Plus u Liewensqualitéit op ville Niveauen an dréit zur Attraktivitéit vum Gaalgebierg, an net zulescht vun Esch, bäi. D’Clienten aus aller Härelänner gi frëndlech empfaangen a kréien eppes gebueden. An d’Mataarbechter fannen duerch hir Aarbecht spéider e bessere Wee zeréck op den Aarbechtsmaart. Fir de Max ass esou e Projet selbstverständlech fir Esch. „Ech denken oft un e franséischt Spréchwuert an enger anerer Versioun: Celui qui a vu Paris, mais pas Esch, n’a rien vu. Genee dorunner schaffe mär!“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom