Marx Gymnastik Shop – Op d’Mooss geschnidden

Marx Gymnastik Shop – Op d’Mooss geschnidden
Shopping

Den Ursprong vun allem

Dem Christine a Laurent Marx hir Duechter huet schonn a jonkem Alter am Veräi geturnt. Zu enger sportlecher Top-Performance am Turne gehéiert natierlech och déi passend Tunique. „Déi waren awer ëmmer schwéier ze fannen. Déi grouss Sportsgeschäfter haten oft just zwee bis dräi Modeller. Do war et schwéier dat Richtegt an der passender Gréisst ze fannen. Fir déi jonk Sportler ass et awer oft besonnesch wichteg genau dat ze kréie wat si sech virgestallt hunn“, seet de Laurent.

Eng grouss Nofro

2017 huet d’Famill Marx sech du geduecht si géinge sech einfach selwer informéieren an de richtegen Equipement besuergen. Si hu fir de ganze Veräin eng Sammelbestellung gemaach. „Dat war dunn den Ufank. A wann ee bedenkt dass et am Turnsport ëm déi 5.000 Lizenze ginn, da besteet do definitiv eng Nofro.“ Säitdeem bedreiwen de Laurent an d’Christine d’Geschäft niewebäi a verkafen vun Doheem aus Sports Equipement vun allen Zorten. Oft ginn si awer och eraus a presentéieren hir Offer do wou se am meeschte gebraucht gëtt.

Ëmmer op der richteger Plaz

Besonnesch wann Evenementer, wéi zum Beispill Turnéier oder aner Competitiounen, stattfannen, sinn si aktiv an hunn oft op der Plaz e Stand. Do kënne si dann weise wat si alles vu Produiten hunn. Ausserdeem kënne si all d’Artikele mat Flocage, Glitzer oder Sträife personaliséieren. „Bei esou Tunique fir ze turnen ass et immens wichteg dass se richteg sëtzen an dass d’Turner an d‘Turnerinnen sech wuel dra fillen. Dofir kënne si bei eis alles umoossen a kréien et dann no hire Wënsch ugepasst. Esou musse si net iergend e Standard Outfit aus dem Katalog droen“, erkläert d’Christine.

Eng grouss Offer

Am Laf vun der Zäit hunn de Laurent an d’Christine hir Offer mat aneren Zorte „Sportswear“ a verschidden Uniforme weider ausgebreet. Esou hunn si zum Beispill och scho Majoretten, eng ganz Volleyball Ekipp, e Stock Car Club, oder verschidde Klassen aus engem Lycée ausstafféiert. „Mär kënne quasi alles ausrëschten, wat als Ekipp gemaach gëtt. An Tëschenzäit hu mär do e grousse Choix un Distributeure mat enger villsäiteger Offer.“ Fir d’Famill Marx leien och déi aner Virdeeler, wéi de perséinleche Kontakt, d’Berodung an d’Personaliséierung vum Material op der Hand.

Vun Esch an d’ganzt Land

Esou hunn si sech eng Nisch geschaaft, an där et virdru kee grousse Choix gouf. Vun hirem Haus zu Esch aus, schaffe si an Tëschenzäit mat Clienten aus dem ganze Land. Op typesch Escher Aart a Weis, hu si e Problem gesinn an e selwer geléist amplaz sech op anerer ze verloossen. „Mär sinn Escher. Hei opgewuess an ëmmer hei gewunnt. Fir eis ass et eng Plaz wou alles no bäi ass, an een alles séier erreeche kann. Et ass eng Stad déi immens vill ze bidden huet, net nëmme vun enger mënschlecher, kultureller Säit mee och a punkto Commerce.“ Säit 2017 gehéiert dozou och personaliséiert Sportsbekleedung an alle Faarwen a Formen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom