Anna & Cinzia Derosa – Eng Escher Famill

Anna & Cinzia Derosa – Eng Escher Famill
Shopping

E Familljebetrib

Fir d’Anna an d’Cinzia Derosa huet d’Wuert Famill net nëmme privat eng grouss Bedeitung. Hir Elteren hunn 1984 hir eegen Entreprise gegrënnt an am Laf vun der Zäit eng Rei Moudegeschäfter opgemaach. Hautdesdaags geréieren d’Anna an d’Cinzia am Ganze véier Butteker zu Lëtzebuerg, dovunner dräi zu Esch. D’Anna këmmert sech ëm de Guess an de Liu Jo, an d’Cinzia ëm déi zwee Primadonna Geschäfter. Vu klengem un, ware si tëscht dem ville Gezei, den Etagèren an de Keese vun der Familljenentreprise doheem. Hire beruffleche Wee huet awer als éischt e klengen Detour gemaach.

Op Emweeër un d‘Zil

D’Anna an d’Cinzia hunn nämlech als éischt studéiert, an op mannst d’Cinzia huet sech am Ufank guer net am Geschäft vu sengen Eltere gesinn. No engem Studium am Droit fir d’Anna, an an der Gestioun an de “Ressources Humaines” fir d’Cinzia, huet de Wee vun den zwou Schwësteren dann awer op Esch gefouert. « Wéi mär fort waren hu mär du gemierkt dass eis de Kontakt mat de Clienten, d’Moud an och eis Stad gefeelt hunn », erkläert d’Anna. « Eis Elteren hunn och ëmmer méi Hëllef gebraucht an dunn ass d’Decisioun awer fir d’Famill an eis Geschäfter gefall », seet d’Cinzia.

Moud fir all Goût a Portefeuille

Säitdeem hunn si hire Choix och net bereit. Moud spillt fir déi zwou Schwësteren och am Privatliewen eng wichteg Roll, well si als Kanner ëmmer vu flotte Kleeder, Schong a Pochen ëmgi waren. « Mär verkafen och just Saachen déi mär selwer géingen droen an déi eis representéieren. Een deen eis kennt erkennt dat direkt. » Hir Offer ass iwwer déi dräi Butteker zu Esch wäit gefächert. Ëmmer an der italienescher Moud doheem, fënnt een hei eppes fir all Goût an all Portmonni. « Wat eis awer besonnesch ausmécht, ass de Kontakt mam an de Service um Client. »

Eng staark Ekipp

Domadder mengen si nämlech net nëmmen de Service après-vente, mee och d’Berodung am Geschäft. Hei suergen si mat hirer Ekipp vu professionellen, frëndleche Vendeusen dofir, dass jidderee gutt encadréiert gëtt a bei all Fro gehollef kritt. « Dat ass eppes wat bei eis ganz wichteg ass, well een dat online oder a grousse Chaînen oft net méi kritt. D’Clientë wëssen dat ze schätzen a verschiddener komme säit 30 Joer an eis Butteker. Déi goufe fréier scho vun eisen Eltere beroden, an elo vun eis. »

Eng gutt Mëschung

Déi véier Geschäfter ze geréieren ass vill Aarbecht an déi ganz Famill hëlleft dobäi. « Mär ënnerstëtzen eis géigesäiteg obwuel mär ganz ënnerschiddlech sinn. Dat ass awer gutt esou, well doduerch hu mär all aner Iddie, Goûten oder Approchen. » Och hir Vendeuse spigelen dës Diversitéit op déi eng oder aner Aart a Weis erëm. Genau wéi d’Escher, hunn si verschidden Nationalitéiten a schwätze verschidde Sproochen. Sou kënnen si nach besser op d’Wënsch vun de Clienten agoen.

Eng grouss Famill

« Dës Relatiounen an dës Familiaritéit, dat ass eist Geheimrezept. » Dobäi ass dat als Escher fir si selbstverständlech. Familiaritéit huet och eng grouss Roll an hirer Decisioun fir de Familljebetrib gespillt. « Zu Esch kennt jiddereen sech an et acceptéiert een deen aneren esou wéi een ass. Trotz de ville Nationalitéiten a Kulturen, ass et eng enk familiär Communautéit. Dat hu mär scho vermësst wéi mär am Ausland studéiert hunn. » Eng convivial, frëndlech an oppe, grouss Famill déi ëmmer bereet ass ze hëllefen –  sécherlech eppes woumat all Escher sech kann identifizéieren.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom