Les favoris de… Pim Knaff

Les favoris de… Pim Knaff
Découvrir

Säit 2017 am Schäfferot vun Esch, këmmert de Pim Knaff sech als Kulturschäffe virun allem ëm de Projet Esch2022. Ee weidere Schwéierpunkt vu senger Aarbecht ass och d’Revitaliséierung vum Escher Stadkär. Duerch dës Aarbecht an natierlech och als gebuerenen Escher, kennt de Pim sou zimmlech all Eck vu „senger“ Stad. An engem Gespréich huet hien eis e puer vu senge Liblingsplazen zu Esch verroden, an awer drop bestanen dass et ausser deenen nach vill aner flott Ecker ginn.

Fir z’iessen, geet de Pim Knaff gären an de Restaurant Fiorentina, wou hien de Chef scho säit laange Jore gutt kennt. „Hei kritt ee gudde Kascht vun doheem. D’Kichen ass einfach, authentesch a schmaacht einfach.“ Vu Pasta, a Pizza bis bei de Steak au poivre kritt een hei ëmmer eppes Guddes op den Teller. Och de Mise en scène gefält him ganz gutt. De Kach kennt hie scho vu fréier aus dem Perroquet. Hei am Familljebetrib kritt een e bësse vun allem, mee besonnesch d’Rognons de veau hunn dem Pim Knaff et ugedoen. „Ech ginn awer och a ganz vill aner Restauranten, och emol fir asiatesch Kichen zum Beispill.“

Wann et emol e gutt Glas Wäi soll sinn, da fënnt een de Pim Knaff op der Terrass vum Drupi’s erëm.  „Hei sinn ëmmer Leit déi ech kennen. Da kënnt een oft an d’Gespréich an d’Geschicht vum Patron ass och sympathesch. Et beweist alt erëm dass ee mat engem gudde Konzept, vill Engagement a Frëndlechkeet zu Esch ka grousse Succès hunn.“ Fir e Patt zu méi spéider Stonn, feelen him awer nach e puer Plazen zu Esch. „Woubäi do zum Beispill viru kuerzem d’White Lounge an der Rue d’Audun opgaangen ass. Vläicht kommen nach e puer esou Saachen dobäi. Och fir Esch2022 wier dat flott.“

Niewebäi geet de Pim Knaff awer och reegelméisseg an de Fitness. Hei gefält him de Kineform vis-à-vis vun der Gemeng ganz gutt. „Do ass et roueg an ech kann a Rou meng Übunge maachen. De Coach passt dobäi op dass ech se richteg maachen, oder iwwerhaapt emol“, laacht de Pim Knaff. Elleng trainéieren, ouni d’Motivatioun vum Coach, ass net esou senges. De Rescht vun der Zäit ass hien och emol um Gaalgebierg ze fannen. Dermadder verbënnt hie vill Erënnerungen aus senger Jugend – „flott, wëll Zäite“ wéi hie seet.

Dem Pim Knaff läit vill un de ville verschiddene Quartiere vun Esch. Am Laf vun de Joren huet hien an en alleguer mol méi oder manner Zäit verbruecht. Ganz besonnesch freet hien sech awer och iwwer déi nei Quartieren déi bäikommen. Virun allem d’Rout Lëns, mat sengem spannenden, ekologesche Wunnkonzept, huet him et ugedoen. „Dat gëtt eng ganz nei Aart a Weis ze wunnen, an de Quartier an d’Stad Esch z’erliewen. Ausserdeem läit et beim Carré Culturel op der Brill Plaz, mam Theater, dem Resistenz Musée, dem Conservatoire, dem Photoclub, der Konschthal an dem Ariston ronderëm.“ – Laut Pim Knaff, alles zesummen „eng grouss Beräicherung fir eis Stad“.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom