OpusMer – Frësch vum Grill

OpusMer – Frësch vum Grill
Gastronomie

De Nuno Simoes huet 20 Joer am Finanzberäich geschafft. No sou laanger Zäit war déi Aarbecht fir hien awer net méi spannend, an hien huet sech nei orientéiert. „Meng Famill war schonn ëmmer am Restaurantsberäich aktiv, dofir konnt ech du vun hirer Erfarung profitéieren.“ Sou huet hien dunn e Restaurant iwwerholl bei deem seng Fra virdrun ëmmer Client war. „Ech hu mär geduecht ech kéint hei eppes Guddes op d’Been stellen an hat domadder en neien Défi.“

Gegrillte Qualitéit

Den OpusMer ass an Tëschenzäit bekannt fir seng Qualitéit. Besonnesch de frësche Fësch an dat gutt Fleesch si bei ville Clientë beléift. „Dat sinn och eis zwou Spezialitéiten: engersäits de Fësch, dee mär all Dag frësch geliwwert kréien an anerersäits d’Fleesch, haaptsächlech de Picanha.“ De Gros vun hire Platen ass gegrillt, wat dem OpusMer e besonnesche mediterrane Flair gëtt. Vill vun de Rezepter stamen dobäi aus der portugisescher Kichen, wou de Grill oft zum Asaz kënnt.

Eng Teamaarbecht

Fir dass dat alles och zu all Moment gutt klappt, huet de Nuno eng Ekipp vun 17 bis 19 Leit. „Mär hunn eng staark Ekipp, déi vill Erfarung an hire verschiddene Beruffer huet. Sou kënne mär am Alldag 60 bis 70 Leit versuergen a fir méi grouss Occasiounen och bis zu 180 Gäscht.“ Sou kann een am OpusMer och e Gebuertsdag, eng Kommunioun, eng Firmefeier oder soss en Evenement feieren. Weekends sinn si domat vill beschäftegt a freeën sech ëmmer dës speziell Occasioune mat hire Clienten ze feieren.

En zweet Doheem

De Nuno a seng Ekipp kenne vill vun de Clienten an Tëschenzäit gutt. Se sinn der Kiche vum OpusMer iwwer d’Joren trei bliwwen. „Déi meescht Leit wësse wat si hei kréien an dass et gutt ass. Mär hunn d’Chance dass vill vun hinnen ëmmer gären erëmkommen.“ Och de Nuno kënnt gären op Esch. Als Bouneweger, dee viru kuerzem op Diddeleng geplënnert ass, huet hien Esch virdrun net esou gutt kannt. „Mat der Zäit gefält et mär ëmmer besser hei. D’Leit si méi accessibel an direkt.“

Sou ass Esch wéi en zweet Doheem gi fir hien, genau sou wéi den OpusMer en zweet Doheem fir d’Amateure vum frësche Grill ass.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom