Magestick Records – an de Musekstudioe vun der Welt doheem

Magestick Records – an de Musekstudioe vun der Welt doheem
Culture

Lil Durk, Capital Bra, Apache, Loredana, MC Bilal, Slavik oder NLE Choppa – dat sinn Nimm déi virun allem Fans vun der Rap Musek geleefeg sinn. Dass dës international erfollegräich Museker mat zwee Produzente vun Esch zesummegeschafft hunn, wëssen awer déi Wéinegst. D’Erfollegsgeschicht vum David Veiga an dem André Neves huet nämlech zu Esch am Lycée ugefaangen, wou si sech viru 15 Joer kennegeléiert hunn.

Vum Lycée op YouTube

Hir Passioun fir de nämmlechte Genre vu Musek huet si schnell zesumme bruecht fir hir eege Lidder opzehuelen. Deemools hunn si nach selwer Rapmusek gemaach. Deen een huet deen aneren opgeholl an domat war den éischte Stee geluecht, fir dat wat spéider sollt Magestick Records sinn. „Am Laf vun der Zäit hu mär du manner selwer de Mikro an d’Hand geholl, an eis méi dorop konzentréiert Beats fir anerer ze maachen.“ Dobäi kënnt nach, dass si allen zwee keng formell Ausbildung an der Musek hunn, an sech alles selwer bäibruecht hunn.

De nächste Schrëtt Richtung Erfolleg hunn si 2013 mat hirem YouTube-Kanal gemaach, deen si niewent hirer Aarbecht bedriwwen hunn. Do hunn si reegelméisseg Beats eropgeluede mam Zil se un e grousse Public ze bréngen an eventuell ze verkafen. No an no ass hire Kanal du gewuess. „Et ass wichteg sech konstant drun ze ginn, wann een dat mécht. Dat hëlleft fir dass den Algorithmus vu YouTube besser fir ee schafft.“ Sou hu si schonn deemools eng staark Intuitioun fir de Business un den Dag geluecht an nieft hire geléierte Beruffer ëmmer weider un hirer Musekskarriär geschafft.

Net opginn a vill schaffen

Och wann et net ëmmer einfach war weiderzemaachen, huet et sech schlussendlech dach awer rentéiert. 2018, no fënnef laange Joren, hunn si zesumme mam MC Bilal en Album produzéiert, mat engem Lidd wat iwwer 15 Millioune Views op YouTube krut. Hir Geschicht huet dunn esou richteg ugefaangen. „YouTube war quasi eng Plattform fir Kontakter ze knäppen. Dat ass am Museksbusiness immens wichteg. Sou féiert dann dat eent zum aneren“, erkläert den André. Säitdeem reesen si ronderëm d’Welt fir mat anere Museker Lidder ze produzéieren; Berlin, Paräis, Atlanta, Los Angeles, do wou Rap-Musek gemaach gëtt, do waren den André an den David meeschtens schonn am Studio.

Säit 2020 hunn si souguer e Kontrakt mat Sony. „Si buche fir eis Sessions mat Museker a mär ginn dann dohinner a schaffe mat hinnen un neie Lidder. Et ass ëmmer erëm spannend an et léiert e vill interessant Leit kennen“, seet den David. Op der Plaz setzen si sech da mat engem Museker e puer Stonnen an de Studio a kucke wat dobäi erauskënnt. Oft sinn duerno e puer Lidder zustane komm. Ob déi da verëffentlecht ginn, dat steet meeschtens nach an de Stären. „Dat decidéiert de Museker mat sengem Label. Do musse mär dann och Gedold hunn an ofwaarden.“

Mat béide Féiss um Buedem

Trotz dem ganze Succès sinn den David an den André awer mat béide Féiss um Buedem bliwwen. Wa si net grad am Ausland sinn, da fënnt een si oft zu Esch, zum Beispill am Rocklab vun der Rockhal wou se vun Zäit zu Zäit Saachen ophuelen. „Zu Esch ginn et vill kulturell Institutiounen déi engem hëllefen. Och vun ëffentlecher Säit gëtt et vill Ënnerstëtzung.“ Esch huet hinnen awer net nëmme vu de Strukturen hir gehollef, mee och op méi allgemeng kulturellem Niveau.

„Ech menge ganz seriö, dass eis Jugend hei zu Esch eis vill bäibruecht huet, wat eis haut hëlleft. Vill verschidde Leit kenneléieren, verschidde Kulturen an domat variéiert Museksrichtungen – alles dat hëlleft wann e Bonus wann ee mat Kënschtler zesummeschafft, déi ee virdrun net kennt. Ech sinn iwwerzeegt dass mär dat anzwousch anescht net esou krut hätten“, erkläert den David. Sou plangen si dann och iergendwann hiren eegene Studio zu Esch kënnen opzemaachen.

Dass den André an den David iergendwann deen Erfolleg hätten, deen si haut hunn, war sécherlech ëmmer en Dram, awer ni eng Gewëssheet. Sou hoffen si dass si aner Jonker kënnen inspiréiere fir hir Dreem z’erfëllen. „Alles wat mär maachen hu mär eis selwer bäibruecht. Um Internet fënnt ee bal alles wat et dozou gëtt. An da gëllt et sech drunzeginn a virun allem Kontakter ze knäppen. Et muss een sech weisen, Leit kenneléieren an och weisen dass een interesséiert ass. Wa mär et kënnen, da kënnen och anerer dat“, laacht den André.

A falls et emol mat der Musek net méi klappt? „Da maache mär eppes anescht. Mär hunn nach vill aner Iddien, un deene mär schaffen.“ Eng gutt Astellung fir zwee Escher, déi an de Musekstudioe vun der Welt doheem sinn.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom