Boutique Osez – D’Geheimnis stécht am Numm

Boutique Osez – D’Geheimnis stécht am Numm
Shopping

D’Myriam D’Amaro feiert dëst Joer den 20. Gebuertsdag vun hierem Buttek. Säit 2001 ass Boutique Osez e feste Bestanddeel vun der Escher Geschäftswelt. Deemools als éischt an der Liberatiounsstrooss, ass de Buttek elo säit 17 Joer an der rue Xavier Brasseur ze fannen. „Ech hu vu ganz ënnen ugefaangen an et war ëmmer en Dram vu mär selbststänneg ze sinn“, seet d’Myriam.

E Plang dee geklappt huet

Mat ganz einfache Mëttelen huet d’Myriam sech deemools selbstänneg gemaach. Et war deemno och net vun Ufank u kloer, ob hiert Zil, e Moudegeschäft fir Dammen ze féieren, erreechbar wier. „Ech kommen aus einfache Verhältnisser an aus enger Famill mat siwe Kanner. Ech krut och keng Hëllef vun de Banken, also hunn ech mäi Buttek just mat mengem gespuerte Geld opgemaach“, erkläert si.

Vun Ufank un, war hiert Geschäft awer e Succès woubäi d’Myriam alles selwer gemaach huet an och elo nach mécht. Tëschenduerch huet si esouguer e Buttek fir Häremoud gefouert an nach en Outlet Store.

Alles selwer gemaach

„Vum Dekoréieren a Beroden, bis zum Kontakt mat de Fournisseuren an d’Bestellungen, ech maachen alles selwer.“ Dass dat net ëmmer einfach war, kann ee sech virstellen. Besonnesch am Ufank wou d’Myriam uechtert d’Welt gereest ass, fir déi richteg Fournisseuren ze fannen. „Mat deene meeschte schaffen ech elo bal 20 Joer zesummen, obwuel der am Ufank och dobäi waren déi ee wollten op d’Aen drécken. Ech hat jo och guer keng Erfarung, mee aus esou Saache léiert ee ganz séier.“

Souguer d’Dekoratioun ass beim Myriam op d’Mooss gemaach a wiesselt reegelméisseg, sou dass d’Clienten ëmmer eppes Neies entdecken.

Moud fir jiddereen

Dem Myriam seng Approche zur Moud ass eng ganz oppen. „Jiddereen soll undoe wat e wëll a wouranner en sech wuelfillt. Dat ass mär ganz wichteg. Dohier kënnt och de Numm vum Buttek: „Osez!“ Traut iech! Sidd esou wéi där sidd, ouni Kompromësser. Déi u wat s de wëlls, egal wat déi aner soen.“ Wien sech da schliisslech bei d’Myriam an d’Geschäft traut, dee fënnt fir all Goût a Portemonnie eppes Exklusives. „Mär hu vun 25 bis 300 Euro all Präis.

Wat wichteg ass, ass dass all Modell just an e puer Exemplairen ze kréien ass. Esou fënnt een hei exklusiv Stécker vu verschidden Marken aus all de bekannte Moudestied: Paräis, Mailand, London oder Marseille.

Vill Escher Häerzblutt

D’Myriam stécht also all hiert Häerzblutt a Léift fir hiere Beruff an hiere Buttek. D’Konten op de soziale Medie féiert si wéi en zweete Beruff, fir esou vill wéi méiglech Leit ze erreechen. „Heiansdo posten ech eng nei Kollektioun moies fréi an owes ass se ausverkaaft“, seet si. „De Kader an eisem Buttek ass och e aneren, wat vläicht verschidde Leit ofschréckt, mee et muss ee sech just e bëssen trauen. Mär bäissen net, an de Service um Client gëtt bei eis ganz grouss geschriwwen.“

Beim Myriam am Boutique Osez, fënnt sécherlech jidderee wat e sicht. Wéi de Numm et scho seet, et muss ee sech just trauen. Also: Osez!

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom