LOA Festival – Elo och zu Esch!

LOA Festival – Elo och zu Esch!
Culture, Esch2022

De Sebastian Jacqué an den Ivan Cardoso sinn Deel vum Team, dat all Joer de Luxembourg Open Air Festival (kuerz LOA) organiséiert. Dëst Joer hu si déi lëtzebuergesch Museks- a Concertswelt domat iwwerrascht, dass de LOA net nëmmen op der Place de l‘Europe um Kierchbierg stattfënnt, mee och zu Esch-Belval op der Place de l’Académie. D’Ukënnegung war Enn Januar e richtege Paukeschlag.

Eng staark Zesummenaarbecht

Fir d’Team vum LOA war dat natierlech keng Iwwerraschung, schliisslech hu si laang un dësem Projet geschafft. D’Escher Gemeng war zesumme mam Syndicat d’Initiative op de LOA duerkomm fir hire Festival och an de Süden ze bréngen. „Mär sinn do och houfereg drop dass si eis vertraut hunn, fir mat hinnen zesummen, esou e groussen Event zu Esch ze organiséieren“, seet de Sebastian. D’Decisioun, wou de Festival sollt stattfannen, ass du schliisslech op de Belval gefall – e Site deen et laut dem LOA Team esou richteg a sech huet.

De perfekte Site fir de Festival

Hei kommen nämlech eng ganz Rei Facteuren zesummen, déi der Ekipp vum LOA an hirer Mentalitéit entspriechen. „Et war schonn ëmmer eis Approche flott Plazen zu Lëtzebuerg mat engem musikalesche Konzept ze verbannen. Déi innovativ Dynamik um Belval mat der Uni an der Fuerschung op där enger Säit, an der kultureller an awer och historescher Bedeitung op där anerer Säit huet eis direkt ugesprach“, erkläert de Sebastian weider. Dobäi kënnt, dass si sech eng nohalteg Entwécklung a punkto Eventer fir de Site kënne virstellen. „D’Place de l’Europe um Kierchbierg war virum LOA net esou bekannt, mee säitdeem fannen do och aner Eventer statt. Dat kéinte mär eis fir de Belval och gutt virstellen“, erkläert den Ivan.

D’Atmosphär um Site Belval, mat der Dekoratioun an der Animatioun, wäerd dann och un de Site selwer ugepasst ginn. Wéi genau dat ausgesäit, wëllen d‘Organisateuren awer nach net verroden. „Et soll eng Iwwerraschung sinn, wann d’Leit heihinner kommen a gesinn, wéi alles ausgesäit“, schmunzelt den Ivan.

Et gëtt eppes gebueden

De Line-Up vum LOA versprecht dann och eng Rei musikalesch Highlights. Besonnesch de Fedde Le Grand, ee vun den aflossräichsten DJen an Europa a vläicht esouguer op der Welt, ass natierlech en Hit. „Do ware vill Leit iwwerrascht, dass mär konnten esou e groussen Numm op de LOA kréien.“ Awer och déi aner Kënschtler wéi Blasterjaxx, Tujamo, Mike Williams oder Julian Jordan an déi lokal DJe wäerten d’Fans vun der elektronescher Musek ze begeeschtere wëssen. „Natierlech kommen och déi lokal Artisten net ze kuerz. Dat ass vun Ufank un Deel vun eiser Philosophie“, seet den Ivan. Sou wäerten d’LOA Fans deemnächst esou guer kënnen online ofstëmme wéi een DJ aus Lëtzebuerg wäert niewent de Weltstaren opleeën.

De Sebastian an den Ivan bauen an hieren Iwwerleeungen awer och op déi lokal Geschäftsleit. „Eist Konzept gesäit och vir dass jidderee matgeholl gëtt. Esou versiche mär all d’Commercen déi hei op der Plaz sinn op déi eng oder aner Aart a Weis mat anzebannen.“

Nohaltegkeet gëtt grouss geschriwwen

Fir dat jonkt Team vum LOA stinn och nach eng Rei aner Facteuren am Virdergrond. „De Prinzip vun der Nohaltegkeet gëtt bei eis grouss geschriwwen. Sou ware mär ee vun den éischte Festivallen, déi vum Plastiksoffall fort wollten an zum Beispill déi Plastiks Becheren, déi ewech geheit ginn, ofgeschaaft hunn. Deemno benotze mär elo Becheren déi ëmmer erëm t kënne benotzt ginn.“, erzielt de Sebastian. D‘Bün an d’Dekoratioun ginn aus Holz gebaut, an net aus Plastik oder Schaumstoff deen duerno op den Tipp gehaït gëtt. Ausserdeem, sinn si am gaangen a Punkto Mobilitéit e Konzept mat den entspriechende Partner auszeschaffen.

De Fokus op Esch

Fir de LOA komme vill Leit op Esch, an esou e Festival bréngt och ëmmer vill Opmierksamkeet mat sech, besonnesch wann sou bekannten, international Kënschtler mat dobäi sinn. Dobäi sollt et dem LOA och ze gutt kommen, dass de Belval am Grenzgebitt läit. „Hei si mär nach méi no un eisen Nopeschlänner, besonnesch Frankräich, wat bestëmmt nach méi Leit aus dem noen Ausland unzitt.“ Dass esou e Festival vill Visibilitéit fir eng Plaz mat sech bréngt, och international, ass natierlech e flotte Bonus.

En Highlight an der Kulturhaapstad 2022

Obwuel de LOA elo net direkt mat Esch2022 zesumme geschafft huet, ergänzen sech hir Konzepter deelweis ganz gutt. De LOA ass net nëmme fir de 6. – 7. Mee 2022, mee och fir déi nächst dräi Joer fest am Escher Kalenner ageplangt. Et kann een sech also och an der Zukunft nach op Festivalstëmmung tëscht Héichiewen an Unisgebaier freeën. Dat gëtt et definitiv nëmmen zu Esch!

D’LOA Team, dat sinn de Sebastian Jacqué, den Ivan Cardoso, de Felix Hemmerling an den Tom Wecker.

Photo Credits: Philippe Schroeder, Aleksander Cano, Arthur Ranzy & 101 Studios

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom