SEPA – Déiereschutz mat Häerz a Séil

SEPA – Déiereschutz mat Häerz a Séil
Découvrir

D’Société Eschoise de Protection des Animaux (Escher Déiereschutzveraïn), kuerz SEPA genannt, ass eng Asbl, déi sech scho säit 1962 deeglech fir d’Wuel vun den Déieren asetzt an Déieren virun all Aart vu Mëssbrauch wéi Gewalt, Vernoléissegung, Aussetzen, asw. schützt. Eng vun hiren Haaptaktivitéiten ass den Déierenasyl am Burgronn, wou si sech ëm eis Frënn op véier Been këmmeren.

Een Team fir alles

Nieft den aacht Leit am Comité, zielt den Escher Déiereschutzveräin nach eng Rei Ugestallten a Leit am Accueil. D’Aufgaben, där et der genuch ginn, sinn op all d’Leit e bësse verdeelt. Den Ermin Sonnetti, d’Suzette Millang, d’Corinne Meurisse an d‘Diana Weber sinn allen véier am Comité. Den Ermin zum Beispill ass Tresorier an éischter hannert de Kulissen aktiv. D’Suzette ass virun allem fir d’Kazen zoustänneg, fleegt déi Kleng bei sech doheem a kuckt och no der Adoptioun vun de Kazen.

D’Corinne ass fir d’Hënn an d’Personal um Site responsabel, a suergt um administrativen Niveau fir Uerdnung. D’Diana Weber ass Hondstrainerin a bréngt hier ganz Erfarung, besonnesch bei méi schwierege Muppen an d’Spill.

Vill Aarbecht

Dat ass awer bei wäitem nach net alles wat si maachen, woubäi hinnen eng Saach ganz wichteg ass: „Alles wat mär maachen an all Decisioun déi mär treffen, geschitt ëmmer am Interêt vum Déier“, seet d’Diana. Virun allem këmmere si sech also ëm Hënn a Kazen, entweder well an deenen hirem alen Doheem keng Plaz méi fir si war, oder well des Déieren zougelaf sinn.

Am Déierenasyl fannen se dann en temporäert Doheem, bis se eng nei Famill fonnt hunn. „Mär ginn awer zum Beispill och mat den Déiere bei de Veterinär, oder se mat der Police siche wann se anzwousch fort mussen“, erkläert den Ermin. Et gëtt also vill ze dinn, och wann et zu enger Adoptioun soll kommen. Bei sechs Muppen, zwielef Kazen am Moment, a jee no Déier 50 bis 100 Vermëttlunge pro Joer, ass dat och normal.

Eng wichteg Prozedur

Fir sécher ze sinn dass d’Déieren an hirem Asyl och e gutt Doheem fannen, muss e potentielle Kandidat eng gewësse Prozedur duerchlafe bis e kann en Hond oder eng Kaz adoptéieren. „Et bréngt jo näischt wann d’Déier no zwou Wochen erëm bei eis lant“, seet d‘Suzette dozou. Sou muss een dann zum Beispill bei Hënn, sechs mol virdru mat hinne spadséiere goen, et kënnt zu Gespréicher wou iwwer potenziell Problemer geschwat gëtt an och d’Wunnsituatioun gëtt iwwerpréift.

„Et geet eis net drëms op Béien a Briechen en Déier ze vermëttelen. Et soll duerno och net u Klengegkeete scheiteren, dofir passe mär op all Detail op“, erkläert d’Corinne.

Am Asaz fir d’Déieren

Bei de Kazen ass d’Prozedur e bësse méi einfach, mee och do muss d’Chimie stëmmen. „Do mierkt ee relativ séier ob d’Persoun an d’Kaz mateneen eens ginn oder net“, seet d’Suzette. Bei den Hënn, kann een iwwregens och esou mat hinne spadséiere goen, och wann een se net onbedéngt adoptéiere wëll (Den Escher Blog hat schonn an der Idée du Weekend heiriwwer bericht).

D’Muppe brauchen natierlech hiren Ausgang, an esou kann een a gudder wann och pelzeger Gesellschaft zum Beispill Esch, de Gaalgebierg oder den Ellergronn entdecken. D’Déiere freeën sech sécher doriwwer, a wie weess, vläicht kritt dobäi jo deen oder anere Loscht e Partner op véier Been ze adoptéieren.

Den Déierenasyl ass all Dag, och op de Feierdeeg, vun 13:00 bis 16:30 Auer (14:00 bis 17:30 Auer an der Summerzäit) op.