Brasserie Schmëdd – Treffpunkt Ellergronn

Brasserie Schmëdd – Treffpunkt Ellergronn
Gastronomie

Am Ellergronn, tëschent der wëller Natur an dem Naturschutzzentrum steet d’Brasserie Schmëdd. Dass dat hei awer net ëmmer e Restaurant war, verréit eleng schonn d’Architektur. „Ganz fréier hunn se hei d’Buggie vun der Minière gefléckt an haut gëtt hei gutt gekacht“ seet de Fabio, Gerant vun der Schmëdd.

En impressionante Kader

Do wou an der Zäit also e groussen Atelier war a vill geschafft gouf, gëtt hautdesdaags äifreg gekacht an zerwéiert. „Leschtens sot e Client eis hien hätt fréier 30 Joer laang hei geschafft. Dat ass och eng flott Erfarung dann haut hei eppes z’iessen oder ze drénken“, erënnert sech de Fabio. Et ass eng Plaz mat Geschicht also, an de Kader ass e besonnesch impressionanten. D’Natur ronderëm berouegt an d’Atmosphär an der Schmëdd schéint familiär.

„Hei ass de Start- oder Zilpunkt vu ville Randonnéeën a Wanderweeër, de Cockerills Musée ass niewendrun, Vëlostoure kommen hei laanscht, et gëtt eng Spillplaz fir d’Kanner an et ass ee schnell am Gréngen. E bessere Kader kéint ee sech net wënschen“, erzielt de Fabio weider.

Klassesch mat engem Twist

Um Menü fënnt ee vill Platen déi ee kennt, ëmmer mat saisonalen a regionale Produiten zoubereet. Trotzdeem lauert ëmmer e klengen Twist op de Gaascht. „D’Offer vun der Schmëdd ass déi vun enger klassescher Brasserie, just e bësse méi modern. Mär probéieren déi bekannte Platen also e bësse méi faarweg oder anescht ze presentéieren“, erkläert de Fabio. Ganz beléift ass zum Beispill hire Cordon Bleu, deen an enger gerullter Form zoubereet gëtt. D’Clientèle ka sech also ëmmer op flott Kreatioune freeën.

E flexibele Programm

D’Schmëdd kann een och fir privat Evenementer lounen. „Mär kënne sou zimmlech all Event hei organiséieren. Hochzäit, Kanddaf a Gebuertsdag oder Fester vu Veräiner an Organisatioune bis hin zu Firmefeieren oder méi grousse Manifestatiounen, ass eigentlech alles méiglech“, seet de Fabio. D’Schmëdd huet dobäi d’Méiglechkeet d’Gäscht banne, baussen an am zweete Gebai nieendrun ze accomodéieren.

Erfarung an Dynamik

De Fabio huet nieft senger liewenslaanger Erfarung als Handballspiller (dat war him wichteg ze erwänen) och iwwer zéng Joer Erfarung an der Lëtzebuerger Restaurants- a Barzeen. „Mär hunn hei d’Méiglechkeet e weidere Bijou zu Esch ze schafen. Zesumme si mär wéi eng Famill, och mat eise Clienten, an no engem Joer ass de Retour ganz positiv“, seet hien. No an no versiche si dann och hir Offer ëmmer méi ze verbesseren, laut dem Fabio e natierlech Prozess an all Restaurant.

Lokal verwuerzelt

D’Produiten déi d’Schmëdd verschafft an ubitt, kommen haaptsächlech aus der Regioun. „Dat ass e wichtegen Deel vun eiser Philosophie. Mär ënnerstëtzen domat déi lokal Betriber a vermeiden laang Transportweeër, wat besser fir d’Ëmwelt ass“, seet de Fabio. Sou gëtt et och emol Geméis aus dem Escher Geméisgoart, eng Taart vum Cayotte, Téi vum Simplicithé a vum Babbocaffè, sou wéi Wäi vum Drupi’s. Deemno ass d’Schmëdd fest zu Esch verankert an etabléiert sech lues a lues als ee vun de gatronomeschen Highlights zu Esch.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom