De Salon vum Helen Buchholtz am Bridderhaus

De Salon vum Helen Buchholtz am Bridderhaus
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Säit Juni 2022 gëtt zu Esch e weideren, kulturelle Grond hei e bëssen Zäit ze verbréngen, an dëst an engem eemolegen historesche Kader. D’Bridderhaus huet säin neien Déngscht als Kënschtlerresidenz opgeholl an hei gëtt et ënner anerem zurzäit de Salon vum Helen Buchholtz ze entdecken.

Eng Plaz mat Geschicht

D’Bridderhaus war 1878 vun de Verantwortleche vun der Metzeschmelz gebaut ginn a war déi éischt modern Klinik zu Esch. Am Laf vun der Zäit huet d’Funktioun vum Bridderhaus sech verännert, a vun 2010 un stoung d’Bridderhaus eidel. Am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch2022 huet d’Stad Esch decidéiert d’Gebai als Residenz fir Kënschtler ze notzen a mat de Renovatiounen ugefaangen. Säit dem 16. Juni 2022 ass d’Kënschtlerresidenz offiziell op.

Am historesche Bridderhaus ginn et siwen Appartementer mat Plaz fir ze schaffen, fënnef onofhängeg Atelieren, modulär Ausstellungsraim, eng gemeinsam Kichen an ee grousse villsäiteg notzbare Sall. Hei wäert een an Zukunft ee reegelméisseg grouss Projeten entdecke kënnen.

"Le Salon de Helen Buchholtz"

Sou och de Salon vum Helen Buchholtz, dee vum 22. September bis den 22. Dezember 2022 stattfënnt. Wéi de Numm et seet, dréint sech hei alles ëm d’Liewen an d’Wierk vun dëser lëtzebuerger Komponistin, an dëst och am Geescht vun Esch2022 am Bezuch zu anere Länner, Zäiten a gesellschaftlechen Ëmstänn. Eng ganz Rei Kënschtler kommen hei zesummen fir ënnert dem Patronage vun der A.s.b.l.  frEsch, Esch2022 a villen aneren dëse Salon ze realiséieren. Hei fënnt Konscht an engem Kader vun imaginärer Experimentatioun statt.

Aktivitéite vun all Genre

D’Wochen am Salon vum Helen Buchholtz si gefëllt mat villen Aktivitéite fir jonk an al, an esouguer fir Konschtmuffel. De Programm ass kloer opgedeelt. Donneschdes sinn ëmmer déi wichtegst Veranstaltungen, méindes a freides sinn Aktivitéite fir Schoulen, Virspillowenter a Meeschterklassen. Dënschdes a mëttwochs kommen d’Kënschtler un, et gëtt geprouft an et fanne weider Meeschterklasse statt. Samschdes a sonndes schliisslech si Veranstaltunge vun anere Partner a guidéiert Visitten. Wien sech also dofir interesséiert, oder méi iwwert déi verschidden Eventer wëll gewuer ginn, ass um offizielle Site op der richteger Plaz.

De Salon entdecken

Dëst ass natierlech just e Brochdeel vun deem wat een als Visiteur kann am Salon vum Helen Buchholtz entdecken. De Programm, deen een online entdecke kann, bitt do nach vill aner spannend Aktivitéiten, wéi Vierliesungen, guidéiert Visitten, Ladies Nights, Konferenzen oder verschidde Performancen.

D’Bridderhaus ass donneschdes vun 11:00 bis 20:00 Auer op, a vu freides bis sonndes vun 11:00 Auer bis 18:00 Auer. Den Entrée fir d’Ausstellungen ass gratis. Engem Besuch steet also näischt méi am Wee. 

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Christian Aschman, ©Charles Bernhoeft, ©P.Thorn, ©Jean-Baptiste Millot, ©Severin Schweiger, ©Mara Delean

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom