Annexe22 – Esch, Kultur a Bicherléift

Annexe22 – Esch, Kultur a Bicherléift
Shopping, Esch2022

Op der Brillplaz fënnt een d’Annexe22, eng hybrid Struktur déi sech ëm dräi zentral Sujeten dréint: Esch, Kultur a Bicher. Do passt et natierlech wéi d’Fauscht op d’Aen, dass de Ronnie an de Frédérico sech hei ëm den Accueil këmmeren. Mat vill Passioun deelen si hir Leidenschaft mat de Visiteuren.

Hybrid?

D‘Annexe22 gëtt vun der Librairie Diderich an Zesummenaarbecht mat Esch2022 bedriwwen. Hei dréint sech alles ëm Konscht, Kultur, Bicher an natierlech Esch. „D’Zil ass et souwuel Esch2022 ze promouvéieren, wéi och eise Patrimoine, eis Regioun an déi lokal Publikatiounen no fir ze bréngen“, erkläert de Ronnie. Sou fënnt een an der Annexe22 niewent Deplianten, Flyeren a Kalennere ronderëm Esch2022 an hir Eventer och eng Selektioun u Bicher déi sech ëm dës Themen dréien.

Eng interessant Offer

„Mär bidden eng variéiert Offer u Publikatiounen un, déi entweeder vun Auteuren aus der Regioun sinn oder sech ëm Themen dréinen déi an deem Kontext relevant sinn“, seet de Frédérico. Dës Selektioun gëtt vum Anne Diderich aus der Librairie Diderich zesummegestallt an deckt e breede Spektrum u Sujeten of, sou dass souwuel Escher wéi och Touristen hei eppes fir hire Goût kënne fannen. Ob Kultur, Konscht, Geschicht, touristesch Guiden, Bande dessinéeën, verschidde Gadgeten oder souguer Kachbicher – et ass fir jiddereen eppes dobäi.

Esch2022

Den zweete Volet vun hirer Missioun – d’Promotioun vun Esch2022 – hunn de Ronnie an de Frédérico awer och fest am Grëff. Nieft Gadgeten zu Esch2022, verschiddene Broschüren,  Flyeren an der „Gazette“ déi ëmmer déi neisten Informatiounen zur Europäescher Kulturhaaptstad 2022 parat huet, kann een och de Wëssensschatz vum Ronnie an dem Frédérico unzapen. „Mär sinn ëmmer um Lafende wat d’Evenementer, d’Ausstellungen a sou weider ugeet a kënnen och mol den een oder anere Geheimtipp mat op de Wee ginn“ seet de Ronnie.

De klenge Plus

D’Lag un der Annexe22, d’Leidenschaft vum Ronnie an dem Frédérico an déi kuratéiert Offer vun der Librairie Diderich, sinn déi grouss Atouten déi d’Annexe22 zu engem obligatoresche Stopp fir all Visiteur vun Esch maachen. „Et gëtt awer nach e klenge weidere Plus“, seet de Frédérico. Sou kann ee vun Zäit zu Zäit och d’Auteure vun de Publikatiounen déi ugebuede ginn hei treffen. Och „Porteurs de projet“ wéi den Dr. Paul Nilles oder de Christian Mosar vun der Konschthal si reegelméisseg an der Annexe22 ze fannen. Hei kritt een deemno ëmmer déi neisten Informatiounen.

E Besuch wäert

Mat der Annexe22 hunn d’Librairie Diderich an Esch2022 eng Struktur op d’Been gestallt, déi net nëmmen informativ a gutt kuratéiert ass. Et ass eng Plaz déi duerch hir Authentizitéit lieft, souwuel duerch d’Leidenschaft déi de Ronnie an de Frédérico un den Dag leeën, mee och duerch eng clever Selektioun u Publikatiounen, eng eemoleg Lag an eng raffinéiert Kombinatioun u Sujeten déi sech ergänzen. Wie also wëll gewuer gi wéi Esch esou tickt, dee sollt op allefalls eemol d’Annexe22 besichen. Et ass derwäert.

D’Annexe22 ass dënschdes bis samschdes vun 11 bis 19 Auer, a sonndes vun 13 bis 17 Auer op.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom