Wanderwee Natura 2000 – De Mënsch an de Bësch

Wanderwee Natura 2000 – De Mënsch an de Bësch
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Een dovunner ass sécherlech d’Proximitéit zu der Natur am Ellergronn an um Gaalgebierg. Déi didaktesch Wannerderweeër Natura 2000 sinn op insgesamt 12 Kilometer eng gutt Méiglechkeet fir dës Natur ze entdecken an dobäi vläicht esouguer eppes ze léieren. Déi éischt vun dräi verschiddene Bouclen, déi an den Hierschtfaarwe besonnesch schéi sinn, kënnt där haut hei entdecken.

De Mënsch an de Bësch

D’Boucle A vun de Natura 2000 Wanderweeër dréit de Numm „L’homme et la fôret“, also „de Mënsch an de Bësch“. Op 5 Kilometer geet et hei duerch déi schéi Bëscher vum Ellergronn, dem Hénzebierg an d’Schoelleschluecht. Thematesch geet et virun allem ëm den Impakt vum Mënsch op d’Natur. D’Spuere vun der Industrie sinn nach iwwerall ze fannen, mee d’Natur weist hier Stäerkt a verdreift dës Spuere lues a lues.

Villes ze entdecken

Weieren, panoramesch Vuen iwwer d’Naturschutzgebitt Ellergronn, Iwwerreschter vun der Seelbunn a vum Biergbau verännert Landschaften sinn nëmmen eng Handvoll vun den Héichpunkten déi et hei ze entdecke ginn. D’Organismen déi hiert Doheem am Weier fonnt hunn, oder d’Planzen déi sech am Laf vun der Zäit hiert Gebitt erëm zeréckerueweren, gehéieren och zu de spannenden Deeler déi hei op de Wanderer waarden.

Ufank a Schluss

Den Ufank mécht dësen Tour beim Naturschutzzentrum Ellergronn, wou se och erëm ophält. D’Schmëdd an d’Zechenhaus am Ellergronn lueden dann och an fir eppes z’iessen oder ze drénken. No sou engem spannenden Tour ass dat bestëmmt eng gutt Iddi. Wie sech ouni Guide wëll op dësen Tour woen, fënnt natierlech online oder an der Infofabrik déi néideg Informatiounen. En detailléierte PDF-Fichier, deen een ënnerwee um Handy kann kucken, gëtt och detailléiert Erklärungen zum ganze Wee.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom