Allgemengwuel Agence – Nei Méiglechkeeten duerch Escher Pop-Up

Allgemengwuel Agence – Nei Méiglechkeeten duerch Escher Pop-Up
Entrepreneuriat & Innovation

De Gregor Waltersdorfer, ursprénglech aus Éisträich, huet et virun enger Rei Jore fir säi Studium op Lëtzebuerg verschloen. Säin Doktorat huet hien nämlech op der Uni Lëtzebuerg gemaach an huet dunn, mat Hëllef vum Incubator vun der Uni, seng eege Firma gegrënnt. Dës heescht Allgemengwuel Agence an dréint sech wéi de Numm et verréit ëm d’Wuel vun der Allgemengheet.

E Netzwierk fir e positiven Impakt

„D’Iddi war et fir Entreprisen a Gemengen ze zertifiéieren a festzehale war si fir d‘Allgemengwuel maachen“, erkläert de Gregor. Dëst kënne verschidde Facteure sinn, zum Beispill wat si fir d’Mënschewürd an der Liwwerketten, d’Transparenz fir de Client a Bierger, oder a punkto Matbestëmmung fir Mataarbechter gemaach hunn. „Et ass also e Netzwierk fir déi, déi zertifiéiert goufen, wou si den Erfolleg nei bestëmmen an doduerch och verschidde Virdeeler kënnen hunn“, erkläert hie wieder. „De Profit ass net d’Enn vun der Geschicht. Wann ee wëll e positiven Impakt hunn, muss ee méi wäit denken.“ Bis elo sinn iwwer 900 Entreprisen zertifiéiert a bal 50 Gemengen hu sech der Iddi verschriwwen.

Den Escher Pop-Up als Sprangbried

Den Accès zum Incubator war fir de Gregor ganz wichteg. Hei huet hie seng Mentore kennegeléiert, déi hien a sengem Prozess begleet hunn. „Hei kritt een Hëllef fir als Start-Up um Marché Fouss ze faassen. Ech krut vun hinnen och zum Beispill d’Iddi mäi Service ze digitaliséieren. Doropshin hunn ech dunn selwer eng App developpéiert“, erkläert hien. D’Presenz am Escher Pop-Up Store huet dem Gregor eng wieder Méiglechkeet ginn seng Iddi engem méi grousse Public virzestellen.

Eng positiv Infrastruktur

Dem Gregor seng Woch am Pop-Up Store war fir hien eng immens flott Erfarung. „Et ass ganz onbürokratesch fir dohinner ze kommen an déi verschidden Aussteller oder Geschäfter am Pop-Up Store hëllefen sech géigesäiteg an zeie verschidde Leit un“, erzielt hien. Och de Fait dass d’Prozedur ganz einfach an onkomplizéiert war, huet him gutt gefall.

„Wann een eng gutt Iddi huet kritt ee vill Ënnerstëtzung zu Esch. D’Weeër si kuerz an onkomplizéiert. Ausserdeem ergänzen d’Uni an den Incubator sech optimal fir wann ee sech hei etabléiere wëll“, seet de Gregor. Et kann een also vun enger positiver Infrastruktur schwätzen déi zur Ekonomie zu Esch bäidréit an domadder dann och zum Allgemengwuel an der Regioun.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom