Gutt Geschier – Gedeelt, geschafft a Ressource gespuert

Gutt Geschier – Gedeelt, geschafft a Ressource gespuert
Entrepreneuriat & Innovation

Schrauwen, Bueren, Seeën, Schläifen, Schneiden,… dëst alles sinn Aktivitéiten déi een emol déi eng oder aner Kéier muss maachen – ob elo fir e Regal opzehänken, well een eppes baue wëll oder wann et drëms geet ze renovéieren. Wien dofir net dat richtegt Geschier huet, an sech och net ëmmer eppes Neies kafe wëll, dee fënnt elo bei Gutt Geschier… gutt Geschier.

Manner Verschwendung

Laut enger Studie vun der franséischer „Agence de l’Environnement et de la Maîtrise de l’Énergie“ benotzt een Handwierksgeschier am Schnëtt net heefeg genuch. Eng Buermaschinn géing deemno nëmmen zwielef Minutte lafen ier se ewech gehäit gëtt. Och ëmwelt- a ressourcentechnesch gesinn, ass dat natierlech ze wéineg.

„De Projet Gutt Geschier besteet doranner, op eng kreativ Aart a Weis Offallvermeidung ze bedreiwen, wann et ëm Handwierksgeschier geet. Mär bréngen also aalt, mee gutt Handwierksgeschier zeréck an de Kreeslaf vun de Benotzer“, erkläert de Fränz Hausemer.

Eng Kollaboratioun

De Fränz Hausemer vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. koordinéiert de Projet zesumme mam Sébastien Kanaren vu Facilitec. Gutt Geschier huet nämlech an de Mauere vu Facilitec zu Esch seng Plaz fonnt, méi genau gesot am oppenen Atelier, deen de Sébastien geréiert. Hei ka jiddereen ënner Opsiicht a mat der Berodung vum Sébastien och Aarbechten ausféieren.

Am Eck fënnt een d’Regaler vu Gutt Geschier mat de verschiddene Maschinnen an Outilen, déi ee sech kann ausléinen. Och dobäi kann de Sébastien ee beroden ob d’Geschier och dat richtegt ass, fir dat wat ee wëlles huet.

De Prinzip

Fir dëst ze maachen, brauch ee sech just um Internetsite www.guttgeschier.lu unzemellen. Hei kann een sech dann dat Geschier eraussiche wat ee brauch, sech dovunner Fotoen ukucken, an et da fir ee bis siwen Deeg reservéieren. „Et ass e gratis Service a kascht also näischt. Et muss ee sech just aschreiwen um Site www.guttgeschier.lu an deen Ament och e klenge Kontrakt ënnerschreiwen wou ee sech verflicht op déi Saachen opzepassen, se propper ze halen a se zeréckzebréngen. Et ass also quasi d’nämmlecht wéi an enger Bibliothéik, just mat Geschier aplaz vu Bicher“, seet de Fränz.

Eng gutt Saach

Änlech wéi bei engem Buch wat ee just eng Kéier liest, muss ee sech d’Geschier also net onbedéngt kafen. Wien deemno doheem e Regal wëll ophänken, ka sech d’Geschier bei Gutt Geschier ausléinen, e Prinzip deen eigentlech immens einfach a gläichzäiteg immens sënnvoll ass. „Doduerch dass mär eist Geschier zesumme bréngen a mateneen deelen, ass et vill méi dacks am Gebrauch an d’Ressource gi vill, vill besser genotzt“, ergänzt de Fränz.

Wie selwer doheem gutt Geschier huet wat e net brauch, kann dat och gäre spenden. Wann d’Leit sech et da bei Gutt Geschier ausléinen, da gëtt domat bestëmmt och gutt geschafft.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom