Op de Spuere vun der Industriegeschicht

Op de Spuere vun der Industriegeschicht
L'idée du weekend

11. & 18. Februar 2023

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier hëlt d’Administration de la nature et des forêts (ANF) eis mat op d’Spuere vun der Industriegeschicht am Ellergronn.

D'Grouf an de Mineur (11.02.2023)

Den éischten Tour fënnt schonn dëse Samschde statt an dréint sech ganz ëm d‘Grouf Katzenberg am Ellergronn. Op dësem restauréierten Terrain kann een de Wäschbuer, d’Schmëdd an de Musée vun der Entente Mine Cockerill erfuerschen. Am Musée fënnt een dann och eng ganz Rei spannend Géigestänn, vu Fossilië bis bei Handwierksgeschier an divers Artefakten aus der Zäit vum Biergbau am Ellergronn. Den Henri Clemens liwwert dobäi déi néideg Erklärungen a spannend Anekdote vu fréier.

Wien hei wëll dobäi sinn, muss sech awer nach haut (Freideg 10. Februar 2023) bei der Administration de la nature et des forêts umellen.

D’Äerzbunn (18.02.2023)

De Weekend duerno invitéiert d’ANF dann op den zweeten Tour, wou et ëm d’Äerzbunn geet, déi d’Äerz fréier vum Ellergronn an d’Schmelze bruecht huet. Verschidden Zeie vun der industrieller Vergaangenheet waarden hei op d’Visiteuren: d’Ruine vun der Sprengkummer, agefale Stollen oder d’Rechter vum Förderschacht vun der Grouf am Ellergronn. Den Gino Pasqualoni féiert mat Erklärungen duerch dësen Tour. Och hei muss ee sech bis de 17. Februar fir den Tour umellen. Béid Féierunge fannen iwwregens vu 15 bis 17 Auer statt.

Mat der ANF ënnerwee

D‘Administration de la nature et des forêts organiséiert nieft dësen zwee Tier ronderëm d’Industriegeschicht och nach eng ganz Rei aner Visite guidéeën zu de verschiddenste Sujeten a fir all Altersklass. Wie sech heifir interesséiert sollt sech de Programm op hirem Site ukucken, wou bestëmmt jidderee säi Gléck fënnt. „Paradäis aus Mënschenhand“, „Forest bathing“, „Eulen-Nacht“ oder „Wurzelwanderun“ sinn nëmmen e puer vun de spannende Sujeten déi an noer Zukunft hei op Iech waarden.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an der Rubrik „L’idée du weekend“. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom