Musée Mine Cockerill – D’Geschicht vum Ellergronn

Musée Mine Cockerill – D’Geschicht vum Ellergronn
Découvrir, Culture

Den Ellergronn ass en Deel vun Esch mat enger laanger Geschicht, déi virun allem mat der industrieller Vergaangenheet vun der Regioun ze dinn huet. Nieft dem Naturschutzzentrum Ellergronn, der Schmëdd, de ville Wanderweeër an der Natura 2000 Regioun, ass et virun allem de Musée Mine Cockerill dee sech ganz konkret mat der Aarbecht befaasst, déi fréier hei geleescht gouf. Den Henri Clemens, Member vun der Entente Mine Cockerill vun der éischter Stonn, erzielt eis vun der Geschicht vum Site an der Aarbecht vun der Entente.

Vergaangenheet

„Ugefaangen huet déi industriell Geschicht vum Ellergronn 1881 wéi d’Bridder Collart d’Concessioun Schlossbusch fir déi nächst 50 Joer kaf hunn“, erzielt den Henri. Vill méi spéit, nom Zweete Weltkrich, kënnt eréischt de Numm „Cockerill“ an d’Spill, an dëst duerch d‘Société Anonyme John Cockerill déi de Site zu dësem Zäitpunkt bedreift. 1967 schliisslech ginn d’Aktivitéiten op en Enn. Am Laf vun der Zäit wiesselt de Site d’Hänn e puer mol a kënnt schlussendlech 1991 an de Besëtz vum Lëtzebuerger Staat. Dësen huet d’Zil nieft dem Naturreservat Ellergronn, de Site vun der fréierer Minn a Stand ze setzen.

Géigewaart

E Grupp vu Bierger deet sech zesummen an der „Initiativ fir d’Erhale vun de Cockerillsgebaier zu Esch-Uelzecht am Ellergronn”, déi sech spéider ëmbenennt an „Entente Mine Cockerill“. „Dee Numm war natierlech net esou schwéierfälleg wéi deen Alen“, laacht den Henri. Symbolesch besetze si de Site a këmmere sech säit 25 Joer mat vill Asaz dorëm. „Et geet eis ëm d’Erhale vum industriellen Ierwen an der Geschicht vun der Regioun an der Minn hei. Mär wëllen den neie Generatiounen och weisen, wéi haart fréier hei geschafft gouf“, seet hien.

Zukunft

Deemno kann een am Musée Mine Cockerill sou Munches entdecken. Vu sëllege Géigestänn aus der Zäit bis hin zu verschiddene Strukturen a Maschinnen. Bausse kann een déi massiv Zich bestaunen déi an der Zäit d’Äerz aus der Minn gefouert hunn. Banne beandrockt zum Beispill d’Salle des Pendus. „Dëst war quasi de Vestiaire vun der Aarbechter deen an de 40er Joren agefouert gouf. Um Enn vun der Schicht hunn d’Aarbechter hei hiert Schaffgezei opgehaangen an et gouf iwwer Nuecht gedréchent. Et gouf also keen hei erhaangen“, erkläert den Henri mat engem Laachen. Den Numm ass deemno Zeie vum Humor vun de Minnenaarbechter.

E Besuch

Wien de Musée Mine Cockerill wëll besichen, kann dat méindes bis freides vun 8:30 bis 12:00 a vun 13:00 bis 17:00 Auer maachen. Sonndes ass vun 9:00 bis 11:30 Auer op. Als Grupp oder fir eng Visite Guidée sollt ee sech allerdéngs e Rendezvous froen. Online fënnt een dozou déi néideg Informatiounen. Den Henri a seng Kolleege vun der Entente Mine Cockerill freeë sech op allefalls iwwer all Besuch an deele gären hir Begeeschterung fir d’Geschicht mat jidderengem deen en oppent Ouer huet. Bei de spannende Geschichten déi de Site vum Musée Mine Cockerill mat sech bréngt, gëtt et engem och sécher net langweileg.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom