Esch mat engem Guide entdecken

Esch mat engem Guide entdecken
Découvrir

Ob Escher oder net, jiddereen dee sech fir d’Stad Esch interesséiert kann dës mat engem Guide méi genau entdecken. Verschidde Visite-guidéeën zu verschiddenen Theme bidde fir all Goût eppes.

Geschicht an Architektur

Sou kënnen Hobbyhistoriker sech zum Beispill op eng historesch Visitt woen, wou si sou Munches iwwert d’Geschicht vu der Stad Esch gewuer ginn. Besonnesch déi Zäit ronderëm 1900 an den Zäitalter vun der Industrie ass do besonnesch interessant. Wie sech fir Architektur interesséiert, kann och op ech architektonesch Visitt vun der Stad goen. Do kritt een ënner anerem vum Jean Goedert, fréieren Architecte-Directeur vun der Stad Esch, spannend Erklärunge geliwwert. E bessere Guide kann ee sech do kaum virstellen.

Coups de Coeur

Eng aner Visitt déi ee ka maachen ass déi vun de Coups de Coeur. Hei kann all Guide seng perséinlech Favoritte mat abréngen an awer och op d’Interessi vun de Visiteuren agoen. Genau esou geet et och bei enger personaliséierter Visitt. Déi kann een och an der Infofabrik ufroen, wou de Guide dann en Tour entwéckelt, dee speziell op d’Interesse vun der Grupp ugepasst ass. Sou sinn hei zum Beispill flott Mëschunge vu Geschicht, Architektur, flotte Geschäfter an engem gudde Restaurant méiglech.

Mam Guide ënnerwee

An eisem Video kritt Där e klenge Virgeschmaach wéi esou eng Visitt kéint ausgesinn. De Jean Goedert hëlt hei e motivéierte Grupp mat duerch Esch an erkläert eis och nach e puer Saachen zu de Visite-guidéeën. Kuckt Iech de Video un, a wie weess, vläicht kritt Där jo Loscht op Är eege Visitt. An dësem Fall steet d’Infofabrik oder Explore Esch Iech mat Rot an Dot zur Säit.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom