D’Project Rooms an der Konschthal

D’Project Rooms an der Konschthal
L'idée du weekend

22.07.2023 – 15.10.2023

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier entdecke mär déi nei Project Rooms an der Konschthal. Nieft der grousser Ausstellung an der Konschthal, kann een hei zwou weider Ausstellungen entdecken.

Julia Cottin: Forêt de Juma

Déi éischt dovunner nennt sech „Forêt de Juma“ an ass vun der Kënschtlerin Julia Cottin. Speziell geschnëtzte Sailen aus Bamstämm formen hei eng Aart Bësch deen de Plaffong vum Raum stëtzt. Dës Saile si getrei der Topographie vun engem echte Bësch ugeuerdent a spigelen deemno e richtegt Stéck Bësch erëm. Inspiréiert vun de Sailen aus der Romantik an dem Orient entsteet hei eng spannend Installatioun, déi al mat nei, Natur mat Beton an, wéi an all senge Wierker, Konscht mat Architektur verbënnt.

Hsia-Fei Chang: Les jeux sont faits. Rien ne va plus.

Déi zweet nei Ausstellung ass vun der taiwanescher Kënschtlerin Hsia-Fei Chang an heescht „Les jeux sont faits. Rien ne va plus“. D’Kënschtlerin huet heivir wuel hir längste Performance duerchgezunn. Si huet sech als Croupière fir e Casino ausbilde gelooss a méi wéi zwee Joer am Casino geschafft. D’Ausstellung besteet aus enger méi wéi 100 Meter laanger Fresk déi aus Fotoen a Selfie besteet déi si an dëser Zéit all Dag gemaach huet.

Si dokumentéiert esou hiert Liewe wärend där Zäit – d’Monotonie, d’Erschëpfung an d’Langweil an alles wat dozou gehéiert – an hannerfreet d’Roll vun der Fra op esou enger Plaz esou wéi an der Gesellschaft am Allgemengen. „Les jeux sont faits. Rien ne va plus“ kritt doduerch méi wéi eng Bedeitung a reegt zum Nodenken un.

Och an der Woch e Besuch wäert

Déi nei Ausstellung, genau sou wéi natierlech d’Ausstellung „Flying Mercury“ vum Tina Gillen, sinn och an der Woch e Besuch wäert. Besonnesch donneschdes ab 17:00 Auer, wou d’Konschthal zesumme mam Radio 100,7 am Summer op den „Groovy Thursday“ invitéiert. Hei kann een d’Konscht an all senge Forme kenneléieren, u Workshops deelhuelen an dertëschent en e klengen Apero an e puer Snacks genéissen. Dat kléngt dach wéi eng super Kombinatioun!

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom