Handball Esch: E stoarkt Stéck Minett

Handball Esch: E stoarkt Stéck Minett
Sport

Den Handball Esch ass 2001 aus der Fusioun vun der Escher Fola mat der Fraternelle Esch entstanen. Säitdeem gehéieren si fest zu der Tabellespëtzt am Handballsport zu Lëtzebuerg a vertrieden hir Heemescht och international. De Joao Guedes war fréier bei der Fraternelle an ass vun Ufank un am Handball Esch dobäi. Wéi vill anerer ass hie sengem Veräi säitdeem trei bliwwen.

E Liewen am Handball

Mat 8 Joer huet hien ugefaangen Handball ze spillen an ass säitdeem begeeschtert vu sengem Sport. „Handball ass fir mech dee schéinste Sport. En ass schnell, variabel, et fale vill Goaler, et keen temps mort an et muss een ëmmer konzentréiert bleiwen“, seet hien. Iwwert d’Joren huet dës Passioun sech mat där fir säi Veräin, den Handball Esch, verbonnen. „D‘Verbindung zum Veräi sinn d‘Leit mat deenen een ugefaangen huet. Si sinn iwwer d’Jore wéi eng kleng Famill ginn“.

E stoarke Veräin

Den Erfolleg vum Handball Esch gëtt dem Joao och Recht. „Vun 21 méiglechen Championstitelen huet d‘Männerekipp der 12 gewonnen, plus 8 mol d‘Coupe. Mär hunn also quasi alles gewonne wat dobäi war. 2013 hu mär souguer konnten déi Europäesch Coupefinall spillen, wat natierlech e grousse Moment war“, erzielt de Joao. Dat sinn natierlech Zuelen déi fir sech schwätzen. Dobäi kënnt nach d’Fraenekipp, déi sech och konstant an der ieweschter Hallschent vun hirer Tabell hält. „Si leeschten och eng wichteg Aarbecht fir de Fraenhandball zu Esch an am Land“.

Ëmmer am Asaz

Och am Jugendberäich leescht den Handball Esch vill Aarbecht. Do sti si natierlech a Konkurrenz mat de villen anere Sportveräiner vun Esch, wat net ëmmer einfach ass. „Mat dräi Fussballveräiner, dem Basket, Volleyball a sou weider, bleift net ëmmer vill fir den Handball“, seet de Joao. D’Aktivitéiten nieft dem Terrain hëllefen do vläicht bei der Rekrutéierung. Déi berüümten 1. Mee Feier, déi säit 40 Joer stattfënnt ass just eng dovunner. „Mär probéiere bei all Evenement vun der Gemeng dobäi ze sinn, wa mär genuch Leit a Material hunn“.

Wien interesséiert ass fir ze spillen oder Benevole ze hëllefen, soll sech gäre mellen. Um Internetsite fënnt een all Informatiounen a Kontakter. „Kanner kënnen och ëmmer probéiere kommen. Dat kascht näischt an et kann een e puer Wochen trainéiere kommen a kucken op et engem gefält. Eis Diere sinn oppe fir jiddereen“.

Opwand

Vill vun deene Saachen si mat finanziellem Opwand verbonnen, dorënner och déi international Matcher. „Mär spillen International Matcher mat der éischter Ekipp vun de Männer wat sportlech natierlech ee vun de wichtegste Rendezvousen ass. Finanziell ass dat  eng grouss Laascht, dofir hu mär momentan e Gofundme Projet lafe fir dat Ganzt ze finanzéieren“, erkläert de Joao. Dat hält si awer net dovunner of sech weiderzëentwéckelen an hire Sport national an international ze representéieren. Sou ass zum Beispill fir de Summer 2024 e grousst Turnéier zu Esch geplangt.

Representativ

No bausse stinn si awer net just fir hire Sport an, mee och fir hir Heemescht. „Fir d‘Stad Esch si mär natierlech e Vehicule fir Reklamm ze maachen, och international. Mär ware scho bal a ganz Europa spillen an dat ëmmer ënnert dem Numm „Handball Esch“. Do ass kloer vu wou mär sinn a mär hunn och scho villen anere Veräiner eis Stad gewisen“, seet de Joao. Sou weist den Handball Esch genau esou vill Passioun fir hir Stad wéi fir hire Sport. „Mär sinn e stoarkt Stéck Minett, dat ass eise Motto an eis Motivatioun.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom