Den Escher Schachclub – Zuch fir Zuch säit 100 Joer

Den Escher Schachclub – Zuch fir Zuch säit 100 Joer
Découvrir

Den Escher Schachclub gëtt et scho säit bal genau 100 Joer. Iwwer d’Joren huet e mat aneren Escher Veräiner fusionéiert, dorënner och d’Veräiner Rochade a Reine, déi dem Escher Schachclub den haitege Numm ginn. Den David Mertens ass säit 1994 am Veräin aktiv a säit ongeféier 10 Joer President.

Eng beweegte Geschicht

Den Escher Schachclub ass 1924 gegrënnt ginn an domat den zweet-eelste Veräin am Land. Zu där Zäit war Schach immens populär sou dass kuerz drop e weidere Veräin zu Esch entstanen ass: Rochade (däitsch ausgeschwat). Spéider hunn déi zwee Veräiner du fusionéiert. Den zweete Boom vum Schach koum an der Zäit vum kale Krich. Spiller wéi de Bobby Fischer an de Boris Spassky waren op eemol weltberüümt. Zu Esch sinn zu där Zäit zwee weider Veräiner entstanen: Esch Gambit an Esch Gare.

Dës hunn sech 1980 zum Veräin Esch Reine zesummegedoen, deen dunn 1999 schlussendlech erëm mam Escher Schachclub Rochade fusionéiert huet. Sou gëtt et hautdesdaags just nach ee Veräin zu Esch: Escher Schachclub Rochade Reine.

Online Konkurrenz

De leschte Boom vum Schach koum virun e puer Joren duerch den Internet an d’Serie „The Queen’s Gambit“. Vun den neie Spiller packen der et awer wéineg an d’Veräiner. „Villes leeft haut online iwwer bekannte Schachsäiten“, seet den David. Hie selwer ass passionéierte Spiller sou wéi ongeféier 50 weider lizenzéiert Spiller am Veräin, vun deenen der ëm déi 20 aktiv sinn. Zesummen treffen si sech zweemol d’Woch fir mol entspaant Schach ze spillen, mol méi seriö ze trainéieren, besonnesch mat deene méi Jonken.

Passioun fir de Sport

Fir den David ass Schach e villsäitege Sport, deen een op verschidden Aart a Weise kann ugoen. „Mär gefält wéi taktesch Schach ass. Et kann ee Manöver studéieren, nodenken, erausfanne wéi ee gewanne kann. Et ass eng intellektuell Kompetitioun. Schach kann awer och ganz dynamesch sinn. Déi meescht Leit spille méi aggressiv an op Ugrëff baséiert wat och flott ka sinn“, erkläert den David. Egal wéi ee spillt, brauch een dofir eng gutt Konzentratioun an Disziplin.

Virdeeler

Den Escher Schachclub ass e ganz oppent Haus. „Jiddereen dee wëll ka laanschtkommen a probéieren, nokucken, eppes an eiser klenger Buvette drénken, oder Froe stellen. Dat kascht alles näischt“, seet den David. Laut him ka Schach léieren a spillen och grouss Virdeeler fir déi Jonk hunn, besonnesch wat d’Scolaritéit ubelaangt. „Et léiert een eben sech ze konzentréieren a roueg ze sëtze bis d’Partie fäerdeg ass“, seet hien. An och logesch denken, virausdenken a plange gëtt gefërdert.

Fir jiddereen

Fir Erwuessener ass Schach awer och ëmmer interessant. „Et ass eben net just e Spill an e flotten Zäitverdreif, mee och eng intellektuell Erausfuerderung fir all Alter“, erzielt den David weider. „Ausserdeem ginn et vill manner Contrainte wéi an anere Sportaarten“, füügt hie bäi. Sou géing den Escher Schachclub, kuerz virun hirem 100. Gebuertsdag, sech iwwer jidderee freeën dee bei si laanschtkënnt. Donneschdes owes tëschent 19:30 an 20:30 Auer ass dat méiglech. Samschdes ass dann ëmmer déi méi seriöen Training.

Spill vun de Kinneken

Schach ufänken ass einfach, Schach meeschteren dogéint immens schwéier. Deemno ka jiddereen ouni Problemer léiere wéi et geet, an et ka jiddereen ëmmer dobäi léieren, bis een dann iergendwann esou gutt gëtt wéi e Magnus Carlsen oder Hikaru Nakamura. Si hunn hautdesdaags dausende vu Fans a streamen hir Matcher iwwer Internet. Méi einfach an „analog“ geet dat Ganzt dann awer beim Escher Schachclub, wou een d’Spill vun de Kinneken a gudder Gesellschaft kann entdecken. Mat 100 Joer Erfarung, hunn si sécher deen een oder aneren Trick op Lager.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom