Smartphone-Café – Tipps an Tricks fir déi digital Welt

Smartphone-Café – Tipps an Tricks fir déi digital Welt
Inclusion & Diversité

Den Internet ass hautdesdaags iwwerall present an oft och néideg fir u wichteg Informatiounen oder esouguer Dokumenter ze kommen. Mam Smartphone huet een de Virdeel, zu all Zäit an op all Plaz Accès op den Internet ze hunn, nieft all den anere praktesche Funktiounen déi e modernen Handy bréngt. Besonnesch Senioren hunn heiansdo Problemer mam Smartphone, a fir bei deene Problemer ze hëllefen gëtt et de Smartphone Café vum Escher BiBSS.

Wéi ee Café?

De Smartphone-Café ass 2021 an d’Liewe geruff ginn a fënnt all drëtten Donneschdeg am Mount statt. Hei gëtt d’Communautéit invitéiert sech mat der digitaler Welt a virun allem dem moderne Smartphone ze familiariséieren. Eng engagéiert Ekipp ass hei op der Plaz a beäntwert all Froen a Saache Smartphone, Tablet oder Internet.

Si kënnen engem direkt op der Plaz weise wéi verschidde Saache funktionéieren a gi sech all Méi dëst op eng kloer an einfach Aart a Weis ze maachen.

Engagéiert

D’Ekipp ass eng bont zesummegewierfelt Trupp: Studenten déi als Benevole op der Plaz sinn, Kollaborateure vum Escher BiBSS a GoldenMe an natierlech d’Silver Surfers. Dëst si Fräiwëlleger déi selwer eng speziell Formatioun vun der Initiativ Bee Secure ofgeschloss hunn a Saache Sécherheet um Internet.

Si hunn dobäi d’Missioun hiert Wëssen un aner eeler Persoune weiderzeginn a si och iwwert d’Verhalen um Internet ze sensibiliséieren.

Fir wien, wéi a wéini?

De Smartphone-Café riicht sech haaptsächlech u Senioren, mee och aner Leit déi Hëllef mat hirem Smartphone, verschiddenen Apps oder dem Internet brauchen, kënne matmaachen. Treffpunkt ass ëmmer an engem Café, wou een dann och eng gutt Taass Kaffi kann drénken, wärenddeems ee gehollef kritt.

Den nächste Rendez-vous ass schonn den Donneschdeg, 18. Abrëll ab 14h30 am Walter’s zu Esch an der Avenue de la Gare. Umelle muss een sech virdru per Email (escherbibss[AT]villeesch.lu) oder per Telefon. Verpasst also net dës Geleeënheet fir Äert digitaalt Wëssen an enger frëndlecher an ënnerstëtzender Atmosphär ze erweideren.

Fotoen: ©Emile Hengen, Ville d’Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom