Baucenter Decker-Ries – Investitioun an d’Zukunft

Baucenter Decker-Ries – Investitioun an d’Zukunft
Shopping, Entrepreneuriat & Innovation

Bis op 1899 ginn d’Wuerzele vum Baucenter-Decker Ries zeréck. Hautdesdaags leeden de Laurent an de Christophe Decker de Familljebetrib an der 5ter Generatioun a bidden de ganze Spektrum u Produiten a Servicer fir Baustellen a Renovéierungen un. Houfereg op hir Escher Wuerzelen, erzielt de Laurent Decker am Interview vun hirer rezenter Entwécklung an dem Wee an d’Zukunft.

Den Escher Blog: „Wat ass de Baucenter Decker-Ries?“

Laurent Decker : „De Baucenter Decker-Ries ass en Escher Familljebetrib an der 5ter Generatioun aus dem Bausecteur, deen seng Produiten a Servicer iwwert d’Joren ëmmer weider ausgebaut huet, ouni awer seng Wuerzelen a seng Wäerter aus dem A ze verléieren.“

Den Escher Blog: „Wéi huet de Baucenter Decker-Ries sech an de leschte Joren entwéckelt? Gëtt et eppes Neies?“

Laurent Decker : „D’Firma Decker-Ries huet sech konstant weiderentwéckelt op haut iwwer 120 Mataarbechter. Niewent dem Verkaf vun enger Vilfalt u Baumaterialen, hu mär grouss Beräicher wat de Bannenausbau ugeet, mat qualifizéierten Handwierker fir Plätterchers- a Schräinereiaarbechten an och wat d’Kichemontage ugeet. Ausserdeem hu mär eng grouss Baussenexpositioun fir alles wat den Amenagement an d’Decoratioun vun den Alentoure vum Haus ugeet.“

Den Escher Blog: „Gëtt et eppes wat Iech iwwerrascht huet an de leschte Joren?“

Laurent Decker : „Mech huet iwwerrascht wéi schnell d’Zäit vergeet! Ech gesinn dat net nëmmen u mengen net méi sou klenge Kanner, mee och an der Geschäftswelt wou mär permanent no vir kucken an op der Sich sinn no Neiegkeeten a Verbesserungen. Mech freet dorunner natierlech, dass eist Land an och eis Stad Esch ëmmer erëm Virreider sinn an esou zur Liewensqualitéit bäidroen.“

Den Escher Blog: „Ginn et speziell Pläng fir d'Zukunft vum Baucenter Decker-Ries?“

Laurent Decker : „An der aktueller Zäit vun der Kris am Immobilien- a Bausecteur hu mär decidéiert, weider vill ze investéieren. Mär hunn eis sämtlech Bannen- a Baussenausstellungen erneiert, vergréissert a mat neien digitalen Outilen ekipéiert, déi eis Clienten esou nach net gesinn hunn. Mär lancéieren och am Laf vum Joer nei Aktivitéiten a Produiten, wéi zum Beispill groussformateg Plättercher, eng skandinavesch Gamme vu Baussemiwwelen a stole Verrièrë fir en Esprit‚ Loft‘“.

„An dann hu mär den Nopeschterrain zoukaf fir et dem Betrib an deenen nächste Joren ze erméiglechen sech weider ze entwéckelen. Sou ënnersträiche mär och nach eemol eisen Ancrage un d’Belvalstrooss an d’Stad Esch.“

Den Escher Blog: „Wat ass eng vun Äre Liblingsplazen zu Esch a firwat?“

Laurent Decker : „Den Escher Gaalgebierg, well ech immens vill Stonne Sport a Fräizäit do um Bierg (a ronderëm) scho verbruecht hunn a well et eng eenzegaarteg gréng Long vun eiser Stad ass.“ (Dem Laurent seng weider Liblingsplaze kënnt dir hei entdecken: https://blog.esch.lu/2023/03/06/laurent-decker/)

Den Escher Blog: „Wann Dir engem Commerçant zu Esch kéint en Tipp ginn, wat wier dat ?“

Laurent Decker : „Net opzeginn och wann et aktuell wierklech net einfach ass, mee no vir ze kucken, well Esch wäert an deenen nächste Joren enorm wuessen. Duerch déi grouss Projete wéi de Belval, d‘Roud Lëns an d‘Metzeschmelz, entsteet hei eng enorm Opportunitéit fir all Escher Betrib.“

Den Escher Blog: „Beschreift Esch an 3 Wieder.“

Laurent Decker : „Eenzegaarteg, zukunftsorientéiert, doheem!“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom