Les favoris de… Laurent Decker

Les favoris de… Laurent Decker
Découvrir

A sengem Beruffsliewe leet de Laurent Decker zesumme mat sengem Brudder de Familljebetrib an der fënnefter Generatioun. Wann hien net grad am Baucenter Decker-Ries um schaffen ass, da fënnt een de Laurent gären emol op enger vun de ville Lafpiste zu a ronderëm Esch. Als begeeschtere Leefer fënnt hien esou säin Ausgläich an dës Ëfteren och de Wee op eng vu senge ville Liblingsplazen zu Esch.

E grousse Choix

„Als Stackescher ass et natierlech schwiereg just e puer Plazen ze nennen, et ginn der esou vill zu Esch“, seet de Laurent. No kuerzer Iwwerleeung falen him dann och séier e puer Héichpunkter an. „Wou ech an der Läscht gären higi mat menger Fra wa mär mol eng Kéier ouni d’Kanner sinn, dann ass et an de Cômo bei de Favaro. Dat esou eis schéin Adress an Esch. An dann hunn ech natierlech ganz schéin Erënnerungen un d’Kufa.

Wien a mengem Alter ass a virun zéng bis 20 Joer jonk an zu Esch war, dee kennt d’Kufa als Party- a Concertslocation, als Bar, an och als Restaurant. Och mam Ratelach elo ass dat eng richteg flott Plaz“, erzielt hien.

E gudde Maufel

Soss geet de Laurent och nach gären an d’Schmëdd am Ellergronn, déi virun enger Zäit ganz renovéiert gouf. „Dat sinn och gutt Kolleege vu mär an dat ass ganz flott mat de Kanner, entweder nodeems een en Tour mam Vëlo duerch déi schéin Terres Rouges gemaach huet oder och wéinst der Spillplaz.“ Do genéisst hie gären e gudde Maufel aus der Kichen. Och d’Nuddele vum Franco am Il Belvedere hunn dem Laurent et ugedoen.

„Am Summer, wann ech Tennis gespillt hunn ass dat natierlech mega do an der Sonn eng gutt Nuddel ze genéissen“, seet hien.

De Geroch vum Kaffi

Datt dem Laurent vill u senger Heemecht läit, mierkt ee wann hie vun de ville Plaze schwätzt wou hie gären Zäit verbréngt oder akafe geet. „Fir mäi Kaffi ginn ech natierlech an de Babbo. Wann een do de richtegen Dag erwëscht da richt et schonn op der Gemengeplaz genësserlech no Kaffi. An da fir de Wäin, ginn ech bei dem Saro säi Brudder an den Drupi’s“, erzielt hien. Fir een ze drénken ass de klasseschen Treffpunkt fir de Laurent, sou wéi vill Escher, natierlech de Pitcher.

„Ech mengen do sinn ech net den eenzegen deen dat seet“, laacht hien.

Vergaangenheet an Zukunft

Och den neie Vëlodukt, deen hei um Belval fortgeet a Richtung Escher Zentrum, huet him et ugedoen. „Ech lafe vill an der Fräizäit fir de Kap fräi ze kréien an do ass de Vëlodukt elo meng nei Liblingsplaz. Als Escher sinn ech natierlech immens stolz, dass et hei esou eng Bréck gëtt déi al an nei verbënnt, Esch an de Belval verbënnt, Héichhaiser wéi an de Metropole mat enger aler Stolindustrie an der klassescher Architektur vum Stadkär“, erkläert de Laurent. Och d’Aart a Weis wéi se gebaut ass, bréngt dem Laurent vill Freed.

„Wann ech iwwer déi Bréck lafen ass meng Laun direkt besser well se esou hell giel ass. Se ass och schéin héich sou datt een d’Gefill huet et géing ee schwiewen. En plus geet se quasi laanscht de Betrib sou datt ech nach e préifende Bléck dorop geheie kann. Et ass eng gutt Alternativ zur Strooss oder dem Bësch“, erkläert hien.

Seng Heemecht

Besonnesch flott Erënnerungen huet de Laurent un d’Dellhéicht Primärschoul, wou hien och net wäit ewech wunnt. „Dat ass och bedéngt well ech elo Kanner hunn, well do ass virun der Dellhéicht de Square Emile Mayrisch wou menger Kanner gären iwwer d’Mauer lafen. Do hunn ech da voll de Flash well, dat hunn ech och ëmmer gemaach“, erzielt de Laurent.

„Heiansdo froen ech mech wéi dee Sprangbuer do nach funktionéiert, wann ech drun denke wéi vill Steng mär als Kanner doranner gehäit hunn“, laacht de Laurent. Eng gewësse Maintenance spillt do bestëmmt eng Roll, mee verschidde Saache funktionéieren einfach, e bësse sou wéi Esch, dem Laurent seng Heemecht.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom