Summer zu Esch – Sportle(s)ch
Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Iwwert de Summer kënnt Där ëmmer erëm verschidde Sportaarten zu Esch entdecken, entweder duerch d’nokucken an d’uféieren oder beim selwer matmaachen. Dës Woch stellt den Escher Blog Iech dräi sportlech Highlights vum Summer vir.
Sudstrom Open
Vum 13. Bis den 21. Juli fënnt déi 4. Editioun vum internationalen Tennisturnéier “Sudstroum Open” statt. Och dëst Joer kann een hei erëm lëtzebuerger an international Talenter entdecken an héichklassegen Tennis zu Esch gesinn. Den Titelverdeedeger Alex Knaff ass dëst Joer och nees dobäi. D’Halleffinallen an d’Finall am Doubel gi samschdes, den 22. Juli gespillt an d’Finall am Simple ass fir den 23. Juli um 15:00 ugesat.
Luxembourg Beach Open
Vum 26. bis den 28. Juli steet um Escher Gaalgebierg dann alles am Zeeche vum Beach Volleyball. Déi mëttelerweil schon 29. Editioun vum Turnéier gëtt samschdes a sonndes vun 9:00 bis 20:00 gespillt. Mat engem Afterwork um Freiden, de 26. Juli an der Pitcher Beach Party um Samschdenowend ass gutt Stëmmung och nieft den Terrainen garantéiert. D’Entrée um Turnéier ass fräi, fir d’Partye kënnt Där Iech Ticketen am Virverkaf sécheren.
Escher Kulturlaf
Ween sech am Summer wëll fit halen an nach no engem klenge Challenger sicht, dee kann sech nach beim Escher Kulturlaf umellen. Iwwer 10, 16 an 21,1km kann een dobäi Esch entdecken a sech sportlech beweisen. Kanner kënne beim 1km matlafen. Umelle kann een sech nach op kulturlaf.lu.