Sunset Cinema – Kino ënner fräiem Himmel

Sunset Cinema – Kino ënner fräiem Himmel
Culture

22.08.2024 – 25.08.2024

Vum 22. bis de 25. August kann een zu Esch vun engem ganz besonneschem Spektakel profitéieren. Um Gaalgebierg wäert wärend véier Owenter en Open Air Kino eng Rei Filmer weisen, an dat esouguer gratis.

Filmer am fräien

Passend zum Summer, kann ee beim Sunset Cinema ganz gemittlech eng Rei Filmer un der frëscher Loft (hoffentlech net ze frësch) kucken. Donneschdes steet den Hitfilm „A Star is Born“ mam Lady Gaga an dem Bradley Cooper um Programm, freides ass d’Kino-Phänomen vum leschte Joer „Barbie“ mam Margot Robbie a mam Ryan Gosling um Programm a samschdes gëtt „Ratatouille“, ee vun de beléiftsten Animatiounsfilmer, gewisen.

Sonndes steet da ganz am Zeeche vum Lëtzebuerger Kino mam Film „Läif a Séil“ vum Loïc Tanson a mat ënner anerem dem Sophie Mousel an dem Luc Schiltz.

Dobaussen

Eng honnert Plaze sti mat Still fräi zur Verfügung a ginn un déi éischt déi do sinn. Wien also e bësse méi spéit kënnt, soll sech am beschte selwer Still oder Decke fir drop ze sëtze matbréngen. D’Filmer starten ëmmer um 21:00 Auer a ginn an der Originalsprooch mat franséischen Ënnertitele gewisen. Beim lëtzebuergesche Film „Läif a Séil“ sinn d’Ënnertitelen op Englesch.

Et lount sech och e bësse méi fréi do ze sinn: virun all Haaptfilm gëtt e lëtzebuergesche Kuerzfilm gewisen a Museker suerge fir déi richteg Stëmmung.

Organisatioun

Den Event gëtt vu Sunset Cinema organiséiert, dës an Zesummenaarbecht mat der Stad Esch, Merbag an dem Film Fund Luxembourg. Och fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, mat Popcorn, engem Foodtruck vum Chiche! a verschidde Cocktailer. Parkplaze fënnt een an der Rue du Stade, mee am beschte kënnt ee mam ëffentlechen Transport oder ze Fouss vun der Escher Gare. Och am Punkto Offall soll alles nohalteg oflafen, dofir ass jidderee gebieden d’Recyclingspoubellen op der Plaz ze benotzen.

Wien also Loscht op en entspaante Filmowend an der fräier Natur huet, dee sollt sech d’Datumer mierken an tëschent dem 22. an dem 25. August owes um Gaalgebierg dobäi sinn.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom