Ramen Shifu – Eng nei Geschmaachsrees op der Brillplaz

Ramen Shifu – Eng nei Geschmaachsrees op der Brillplaz
Gastronomie

Säit e puer wéinege Woche fënnt een op der Brillplaz (Place de la Résistance) de Ramen Shifu, en asiatesche Restaurant deen op Ramen spezialiséiert ass. Nodeems dem Johnny Ye seng Famill schonn 2022 e Restaurant an der Haaptstad opgemaach huet, war et fir si Zäit hir eemoleg Rezepter op Esch ze bréngen.

Eng Famill mat Franchise

Ramen Shifu ass eng Franchise vu Ramen Restauranten, déi besonnesch a Spuenie ganz beléift ass. Dem Johnny Ye seng Famill huet virun e puer Joer d’Lizenz dofir kaf, an dirigéiert elo zwee Ramen Shifu Restauranten zu Lëtzebuerg. Obwuel den Johnny net de Proprietär ass – hien ass de Cousin – fënnt een hie momentan vill am Restaurant zu Esch. Hei bréngt hien seng Erfarung an d’Spill fir d’Ekipp ze trainéieren an ze kucken dass alles optimal leeft.

De Meeschter vum Ramen

Shifu kënnt aus dem Chineeseschen an heescht „Meeschter“. Spezialiséiert op Ramen, fënnt een deemno dann och verschidden Zorte Ramen op der digitaler Menüs-Kaart. Ramen, dat ass e chineesescht Nuddelsgeriicht wat an enger Britt zerwéiert gëtt, déi bei all Restaurant anescht zoubereet gëtt. Verschidden Zorte Fleesch sinn och dran, en Ee a gemëschte Geméis. Et ass en Traditiounsplat, deen trotzdeem ganz am Trend läit. „Mär hunn awer och aner Geriichter, besonnesch fir de klengen Honger, déi ganz beléift sinn“, erkläert den Johnny.

Modern an trendy

Bestelle mécht een am Ramen Shifu iwwert en Tablet, wou e spezielle Programm installéiert ass. Sou kann een sech Zäit huelen, d’Biller a Beschreiwunge vun de verschiddene Platen studéieren an dann a Rou bestellen. Dës Bestellung kënnt dann an der Kichen un an d’Iesse gëtt direkt preparéiert. Och d’Allergene kann een um Tablet kucken a wann een trotzdeem Froen huet, da steet d’Personal natierlech zur Verfügung. D’Decoratioun vum Restaurant zu Esch ass och modern gehale, mat Biller vu verschiddenen Animeën, déi besonnesch déi jonk Cliente begeeschteren.

Gutt ugefaangen

Ouni dass de Ramen Shifu besonnesch Reklamm gemaach huet, kommen all Dag scho virwëlzeg Leit bei si eppes iessen. D’Clientèle ass elo ganz gemëscht: déi eng komme well se scho Ramen giess hunn a frou sinn dass et elo e spezielle Restaurant dofir zu Esch gëtt, genau sou wéi Leit déi schonn an der Stad an hirem Restaurant waren an elo manner wäit fir hir Liblingsrame musse reesen. An da ginn et natierlech Leit déi hire Restaurant oder Ramen nach net esou kennen an einfach ausprobéiere kommen. „Natierlech ass jidderee wëllkomm“, seet den Johnny.

Den Johnny, deen zu Esch an d’Schoul gaangen ass, freet sech dass et elo och zu Esch e Ramen Shifu gëtt. „Et mierkt een dass zu Esch ëmmer méi geschitt. Mär si frou fir hei ze sinn an dass d‘Leit hei eise Ramen kënne iesse kommen“, erkläert hien.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom