Caro Coiffure – Den Entreprenariat am Blutt

Caro Coiffure – Den Entreprenariat am Blutt
Bien-être

D’Caroline ass Coiffeuse mat Leidenschaft. Nodeems hatt eng Rei Joren a verschiddene Salone geschafft huet, huet d’Caroline virun e bësse méi wéi dräi Joer d’Opportunitéit geholl säin eegene Salon opzemaachen. Bei Caro Coiffure fënnt een deemno déi verschiddenst Servicer fir Hoer, Haut a Schéinheet am Allgemengen.

Just niewendrun

D‘Caroline huet den Entreprenariat am Blutt. Säi Papp féiert säit 2006 de BBT just e puer Schrëtt vun do wou d’Caroline elo säi Salon huet, an huet dësen och am Laf vun de Joren ausgebaut. Dem Caro säi Salon gouf et virdru scho 35 Joer laang bis hatt e virun dräi Joer iwwerholl huet. „Dat war ganz iwwerraschend dass de Patron verkafe wollt an hien huet du mäi Papp ugeschwat. Ech selwer hat och viru siwe Joer hei meng Léier gemaach“, erkläert hatt.

Verschidde Service

Trotz senger klenger Ekipp vun dräi Leit (d’Caroline inclus), bitt Caro Coiffure eng ganz Rei Servicer un. Vun klasseschen a moderne Coupe fir Fraen a Männer, Brushing, Coloratioun a Mèchen bis zu Extensioune vu Wimperen, Lash Lifting, asw. „Jidderee vun eis huet e bëssen seng Spezialitéit an esou kënne mär verschidde Saachen ubidden, déi mär ganz gutt kënnen“, seet d’Caroline. Dobäi kritt ee bei Caro Coiffure och eng Rei Produiten ze kafen. Hei setzt d’Caroline op bekannte Marken, déi sech am Laf vun der Zäit als effektiv a beléift erausgestallt hunn.

Eng trei Clientèle

Bont gemëscht ewéi d’Escher, sou fënnt een d’Clienèle hei erëm. Vue datt et dem Caroline säi Salon scho gouf ier hatt en iwwerholl huet, ass och eng ganz trei Clientèle bliwwen. „Mär hu Clientë vun all Zort an Alter – déi nei Generatioun an och eeler Leit. Verschiddener komme scho säit iwwer drësseg Joren heihin an déi sinn och bliwwen“, erzielt d’Caroline. Deen een oder anere kennt hatt och nach aus senger Zäit wou hatt hei seng Léier gemaach huet. Sou gëtt d’Geschicht vun der Plaz och mam Caroline nach weider erhalen.

Zu Esch doheem

D’Caroline selwer ass zu Esch doheem a féiert mat vill Leidenschaft säi Salon. Mat senger klenger, talentéierter Ekipp kann hatt senge Clienten alles ubidde, wat si sech wënschen. Si fillen sech hei doheem a komme gäre bei d’Caroline zeréck. „Mär hunn et gutt mat eise Clienten“, seet hatt dozou.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom