Eisen Tipp fir de Weekend: Manga Day 2024 zu Esch
21.09.2024
Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Samschdeg, den 21. September 2024, invitéiert Inked Geeks op de Manga Day 2024.
Am Zeeche vun der 9er Konscht
Manga, dat ass déi Japanesch Versioun vun der Bande dessinée déi spéitstens säit Dragonball, Appleseed an Ranma ½ och an Europa grousse Succès huet. Deemno soll och Esch am Zeeche vun der Zäit stoen an den internationalen Dag vum Manga feieren, an dëst den 21. September 2024. Op der Plaz gëtt et eng Mëschung vun 30 speziellen Editioune vu verschiddene Mangaen, mat etabléierte Serien a rezenten Neiegkeeten.
Spannend fir Grouss a Kleng
Souwuel jonk wéi och bësse méi al Mangafans kommen um Manga Day op hir Käschten. Eng ganz Rei Artiste sinn de Weekend zu Esch a presentéieren hir Illustratiounen, ginn Autogrammer a Fans kënne mat hinnen iwwert hir gemeinsam Leidenschaft fachsimpelen. Dëst Joer sinn och d’Wierker vum Kënschtler Reyhan ze gesinn, dee schonn e puer individuell Bänn bei Tokyopop a Pyramond verëffentlecht huet.
Um Stand vu Comicline kritt een eng speziell Kollektioun vun 30 verschiddene Mangaen, zesummegestallt vun 12 Editeuren. Dës Publikatioun ass gratis, soulaang der nach am Stock sinn.
D’Manga-Zeechner aus Lëtzebuerg, Axipixi a Sorgo Claudio, souwéi d’Kënschtler Deborah Hz a Rugo wäerten och präsent sinn, fir hir Wierker ze weisen a sech mam Public auszetauschen. Dobäi kommen nach spannend Workshops vun Dreamworkshops an AnimYou ronderëm d’Themaen Animatiounskonscht, Film a Videospiller.
Collaboratioun
Am Inked Geeks fënnt een natierlech alles wat een zum Thema Manga brauch, nieft den neiste Publikatioune bidde si nämlech och nach anere Merchandise, Comicbicher a sekundär Literatur un. Natierlech fënnt een do och vill aner interessant Artikelen, déi mol méi oder mol manner „nerdy“ sinn. Zesumme mat der Comicline ASBL, mangaday.de an der Altraverse GMBH, organiséiere si och dëst Joer erëm dëse spannenden Event ronderëm d’Thema Manga.
D’Comicline ASBL selwer huet och e Stand op der Plaz wou si iwwert hir Aktivitéiten an zukünfteg Evenementer informéieren.
Laanschtkommen
D’Organisateuren hoffen erëm op vill Leit déi bei hinne laanschtkommen an invitéieren och jiddereen, dee kee „Weeb“ (Fan vu japanescher Kultur) ass sech déi verschidde Stänn unzekucken. Manga si fir jiddereen, begeeschtere Grouss a Kleng an handelen iwwert déi verschiddenst Sujeten. Deemno sollt also och um Manga Day 2024 zu Esch fir all Mënsch eppes dobäi sinn. Kommt bis laanscht!
Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.