Eisen Tipp fir de Weekend: D’Hëfte beweege mat Lët’z Dance

Eisen Tipp fir de Weekend: D’Hëfte beweege mat Lët’z Dance
L'idée du weekend

28. – 29.09.2024

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier feiere mär den Ofschloss vun der Escher Biennale „Architectures“ mam Event Lët’z Dance.

E variéierte Programm

Den 28. an 29. September fënnt e festleche Programm mat Danz, Street Animatioun an Ausstellunge statt. Hei huet een also eng Geleeënheet d’Highlights vum Summer erëm ze entdecken an déi verschidde Facette vun der Kultur zu Esch vu ganz no ze erliewen. Wéi fréier op der Grenz, kann een hei vun engem Bal op deen aneren zéien, d’Danzbeen schwéngen an dobäi d’Evolutioun vun der Stad Esch materliewen. Live Bands, elektronesch Musek, en Thé Dansant, Jazz a Rock – et ass fir jiddereen eppes dobäi.

Queesch duerch de Guart

D’Ofschlossfeier baut sech ronderëm de Musical „SL’ESCH“ op. Dësen erzielt d’Geschicht vum Conservatoire – fréier eng vun de chicste Plazen am Land, wou d’Ingenieure vun de Stolwierker zu Gaascht waren. Doniewent kann een awer och selwer hëllefen e monumentalen Héichuewen aus Kartong op der Brillplaz opzebauen. Owes mécht dann déi interaktiv Projektioun KORRELATION vum Kollektiv Xenorama, d’Uelzecht nees visibel an invitéiert op eng digital Manéier mam Waasser ze spillen. Dëst ass eng Propositioun vun der neier Plattform Elektron. A wien no dësem Ofschlossevent dann nach Zäit huet, dee kann d’Ausstellung Dis-Placed an der Konschthal esouguer nach bis den 19. Januar besiche goen.

Monumental

Lët’z Dance, de Schluss vun der Escher Biennale „Architectures“ versprécht en eemolegen Event ze ginn. Mat iwwer zéng Baler an enger bonter Mëschung u kulturellen Eventer, gëtt fir all Goût eppes gebueden an Esch erstraalt nach eemol am Liicht vun der Biennale „Architectures“ ier déi naass a kal Méint richteg ufänken. Et gëllt also nach eemol ze profitéieren a mat flénke Féiss iwwer d’Danzpist ze fléien. De ganze Programm vum Event fannt Dir online op: https://eschcapitaleculturelle.lu/fr/programmation/letz-dance

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Conservatoire de Musique d’Esch, ©Frederic Iovino

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom