Kripa Curry House – De Goût aus dem Himalaya

Kripa Curry House – De Goût aus dem Himalaya
Gastronomie

De Sherpa Jiwan Joel ass säit ville Joren an der Restauratioun aktiv. Virun dräi Méint huet hien zu Esch de Kripa Curry House opgemaach an domat säi Familljebetrib op d’Gemengeplaz bruecht. Eng authentesch Kichen aus Indien an dem Himalaya, Service um Client an en häerzlechen Empfang waarden hei op d’Gäscht.

En neien Challenge

Nodeems de Joel a seng Famill laang Zäit zu Stroossen hire Restaurant bedriwwen hunn, hunn si sech viru kuerzem e Changement gewënscht. De villen Trafic an d’Hektik vun hirer aler Plaz huet hinnen näischt méi gesot. „Esch, besonnesch hei bei der Gemeng an an der Uelzechtstrooss ass méi entspaant. Et ass eng aner Atmosphär an dat huet eis ganz gutt gefall“, erkläert hien. Wéi d’Lokal op der Gemengeplaz fräi ginn ass, huet hien zougeschloen a freet sech op den neien Challenge zu Esch.

Authentesch

Fir dësen Challenge ze iwwerwannen, leet de Joel vill Wäert op zwee wichteg Ingredienten: authentesch indesch Kiche mat frësche Produiten an e beschtméigleche Service um Client. „D’Clientë kennen hautdesdaags bal all d’Kiche vun der Welt. Mär bidden hinnen authentescht Iessen un, sou wéi mär et aus eiser Heemescht kennen“, seet hien. Dat sinn engersäits klassesch indesch Platen, wéi Poulet Tikka Massala, Vindaloo Rëndfleesch oder Geméis Curry, an op der anerer Säit Spezialitéiten aus den Himalaya Bierger – do wou dem Joel seng Famill ursprünglech hierkënnt.

Liichten Afloss vun der Kichen aus dem Bhutan, fënnt ee laut dem Joel och an hire Platen.

Mentalitéit

Gutt Iessen ass fir de Joel awer net alles. D’Gäscht gutt encadréieren a beroden ass him genau esou wichteg. „D’Clientë solle sech hei wuelfillen. Egal ob si eis Kiche scho kennen oder net, mär beroden si ëmmer an hëllefen hinnen dat bescht fir hire Goût ze fannen. Wann emol e Gaascht extra Wënsch huet, da maache mär dat och ëmmer fir hien“, erzielt hie weider. Sou entsteet iwwer Zäit heiansdo och en enke Rapport mat Gäscht déi reegelméisseg erëmkommen. Nei Clientë beréit de Joel och gären, besonnesch wat d’Schäerft vun de Platen ubelaangt.

„Vill Leit mengen alles wier schaarf bei eis, mee dat ass guer net esou“, seet hien.

Frësch

Do dobäi kënnt laut dem Joel, dass d’Wuer déi an de Plate verschafft gëtt och ëmmer vun héijer Qualitéit muss sinn. Ee Beispill ass d’Peffermënz déi hie benotzt. Dëse gouf vun engem Kolleeg aus dem Himalaya importéiert a gëtt hei zu Lëtzebuerg ugeplanzt. Sou ass se ëmmer frësch a behält dobäi hiren authenteschen, indesche Charakter. D’Peffermënz kënnt net nëmmen a verschiddene Platen, mee och an engem spezielle Cocktail zum Asaz deen de Joel baséierend um Mojito entworf huet.

Wien et méi traditionell léiwer huet, fënnt awer och indesche Béier oder Wäin aus dem Süde vun Indien am Kripa Curry House.

Orientalesch

Wien elo Loscht krut huet, dee sollt op allefalls beim Joel am Kripa Curry House laanschtgoen. Vill verschidde Plate fir all Goût, Gaaschtfrëndlechkeet, eng gutt Berodung an nach vill méi waarden hei dorop entdeckt ze ginn.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom