Institut de Beauté Anne – Eng Entspanungsoas am Häerze vun Esch

Institut de Beauté Anne – Eng Entspanungsoas am Häerze vun EschInstitut de Beauté Anne – Eng Entspanungsoas am Häerze vun Esch
Bien-être

„Als jonkt Meedchen hunn ech geduecht, an engem Institut de Beauté géif een haaptsächlech Leit schminken, mee ech hu séier entdeckt, wéi faszinant Beräicher wéi Foussfleeg an Epilatioun kënne sinn“, erzielt d’Anne Allard mat engem Laachen. Mat 15 Joer huet hatt seng Ausbildung als Estheticienne ugefaang an huet dunn an anere Betriber geschafft, bis hatt 2008 decidéiert huet, säi ganz eegent Institut opzemaachen.

Wat mécht d’Institut Anne esou besonnesch?

„Fir mech ass et wichteg, dass meng Mataarbechter sech gutt fillen – well wa si sech wuel fillen, dann iwwerdréit sech dat och op d’Clienten“, erkläert d’Anne. D‘Institut besteet aus engem klenge, familiären Team vu véier Leit, déi sech mat vill Engagement ëm d’Wuelbefanne vun de Clientë këmmeren.

„Mir wëlle keng anonym Schéinheetsfabrik sinn – mir setzen op eng familiär Atmosphär.“

Anne Allard

Eng Offer fir jiddereen

D‘Institut Anne ass fir all d’Generatiounen op – vu Kanner bis Senioren. Nieft der medezinescher Foussfleeg bitt d‘Institut och Maniküren a kënschtlech Neel un. Fir déi, déi sech no déiwer Entspanung seenen, ginn et Lymphdrainagen, Reflexzonen- an Hot-Stone-Massage, déi de Kierper a Geescht entspanen. Fir eng frësch an natierlech Haut, gëtt et Gesiichtsbehandlungen, Wimperen- an Aperhoertraitementer, Maquillage a villes méi.

„Mir bidde souguer ,pedicure à domicile’ fir Clienten, déi net méi kënnen erausgoen.“ Donieft gëtt grousse Wäert op natierlech a vegan Produite geluecht, besonnesch fir Clientë mat empfindlecher Haut oder Allergien.

„Mir schaffe just mat Produiten, déi ouni Déiereversich hiergestallt sinn a mat natierleche Planzenextrakter.“

Anne Allard

An de leschte Jore gouf d‘Institut ëmmer erëm vergréissert a renovéiert. „Ech hunn 2008 ganz kleng ugefaangen an hunn du lues a lues ausgebaut.“ Besonnesch Chance hat d’Anne, wou hatt d’Geleeënheet krut, d’Nopeschhaus ze kafen an ze vergréisseren. „Dat war e grousse Schrëtt, mee et huet eis erlaabt, méi Servicer unzebidden an eise Clienten nach méi Komfort ze bidden.“ Haut verfüügt d‘Institut iwwer dräi Raim fir Pedikür, zwee fir Soinen a Massagen an zwee fir Manikür, wou d‘Clientë sech zréckzéien an e klengt Stéck Rou an engem stressegen Alldag genéisse kënnen.

 

 

Zukunftsvisiounen an Trends

D’Anne a seng Ekipp bleiwen ëmmer um neiste Stand. „Ech plangen de Moment Atelierë fir de Clienten d‘Wëllkraider an der Kosmetik méi no ze bréngen. Vill Leit hunn hiert Vertrauen an déi industriell Crèmë verluer an ech wëll hinnen Alternative weisen.“ Donieft steet och e Service fir falsch Wimperen an de Startlächer: „Ech gesinn ëmmer méi Leit, déi sech méi natierlech Wimperen-Extensions wënschen, an dofir schaffe mir un engem neie Konzept

Firwat Esch?

Ech hu laang zu Esch gelieft an ëmmer hei geschafft – et ass eng Stad mat vill Liewen, awer och Rou, wann ee se sicht“, erzielt d’Anne. Hatt schätzt déi multikulturell Atmosphär an déi vill Natur an der Stad.

„Esch huet fir mech déi perfekt Mëschung aus Dynamik a Gemittlechkeet.“

Anne Allard

Tipps fir zukünfteg Entrepreneuren:

Kleng ufänken!“ seet d’Anne mat Iwwerzeegung. „Et ass verlockend, direkt grouss ze starten, mee et ass vill besser, lues ze wuessen a sech un déi nei Verantwortung ze gewinnen.“ Hatt recommandéiert och, net nëmmen op schéinen Design ze setzen, mee op e gudden, perséinleche Service.

D’Institut de Beauté Anne ass haut eng etabléiert Adress zu Esch, wou Clientë sech entspane kënnen an an engem familiären Ëmfeld mat héichqualitative Behandlunge verwinnt ginn. Genau déi richteg Plaz fir all déi, déi eng perséinlech a professionell Schéinheetsbehandlung sichen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
100 %
Zoom
100%