Croque-Monsieur wéi bei der Boma, Kaffi mat engem Twist an eng Atmosphär wéi doheem – dat ass den New Heaven.
D’Iddi fir den New Heaven ass entstanen, wéi d’Sandra List vu sengem Brudder Marc – deen an der Gastronomie scho vill Erfarung hat – gefrot gouf, zesummen e Café opzemaachen. D’Konzept: eng Plaz fir jiddereen mat vill Häerz an engem oppene Geescht.
„Ech wollt eppes anescht maachen: eng Plaz, wou d’Leit chillen, iessen, schwätze kënnen – a sech einfach wuel fillen“, erzielt d‘Sandra. Den Numm „New Heaven“ ass eng kleng Referenz um Marc säi fréiere Café zu Gasperich: „Donna’s Heaven“.
Hausgemaacht, mat Léift
Wat d’Iessen ugeet, ass kloer: Hei gëtt et hausgemaachte Kiche – mat Leidenschaft gekacht. „Ech hu meng Léift fir d’Kiche virun e puer Joer entdeckt – mat Rezepter wéi meng Mamm oder meng Groussmamm se gekacht hunn. Kniddelen, Rouladen… oder e gudde Croque-Monsieur – dat schmaacht einfach jidderengem“, erzielt d’Sandra. „Ech hat eng Kéier eng Damm op der Terrass, déi zu hirem Meedche gesot huet: ,Esou e gudde Croque-Monsieur kriss de net all Dag.‘ Dat war Musek a mengen Oueren.“
Kreativ Iddien – och bei de Cocktailen
New Heaven steet fir Kreativitéit, och hannert der Bar: Hei gëtt net no de Reegele gemëscht – hei gëtt nei erfonnt an ausprobéiert. „Ech froen d’Leit: Op wat hues de Loscht? Eppes mat Mandel? Eppes Erfrëschendes? An dann zaubere mer eppes.“ Besonnesch beléift a Moment: de Kesspresso, eng Kombi aus Espresso a Kokosnoss.
Owes gëtt gelaacht, gepotert – an och gedanzt
Weekends ginn Theemenowender organiséiert: vun der Drag Show bis zur Pyjama-Party, vum Bluesconcert bis zur 80er-Soirée… Et gëtt kee fixen Agenda, mee en oppent Ouer fir Iddien an eng Freed um Improviséieren. „Mir wëllen net nëmmen eng Kaffisstuff sinn, mee eng Plaz, wou d’Leit sech fräi fillen a Spaass hunn.“
„Op der Terrass sëtzen d’Leit a schwätzen – ob se sech kennen oder net. Dat fannen ech immens schéin. Dat ass meng Visioun“, seet d’Sandra.
Fir all Alter, fir all Goût
D’Philosophie ass einfach: „Jidderee soll sech hei wuel fillen“ – onofhängeg vu Geschlecht, Alter, sexueller Orientéierung, Interessen a Goûten. D’Accessibilitéit ass och fir Leit mat kierperlechen Aschränkunge garantéiert: D’Sëtzgeleeënheeten an d’Toiletten si ugepasst, an och Déiere si wëllkomm. „All Hond kritt eng Gamell mat Waasser an – wann gewënscht – och e klenge Leckerli.“
D’Dekoratioun ass gemittlech, mat ville Planzen an opfällegen Detailer. „Keen Industrie-Feeling – éischter wéi bei engem doheem.“
Firwat Esch?
„Esch huet einfach eppes Besonnesches! De Café ass am Zentrum, mee net ze vill am Zentrum. Dat heescht: en ass einfach erreechbar, mee bleift ganz gemittlech a familiär.“
An d’Leit hei? „Direkt, éierlech, spontan. Dat passt mir. Ech brauch keng Fassad. Hei schwätzt een oppen – an dat fannen ech schéin.“
Zum Ofschloss bréngt d’Sandra et op de Punkt: „Mir probéieren einfach eppes anescht ze maachen. Et muss net déi grouss Revolutioun sinn – mee déi kleng Saachen zielen. Den New Heaven ass kee Café mat engem grousse Label, mee eng Plaz mat Séil. Eng Plaz fir ze chillen, ze schmaachen, ze schwätzen, ze liewen.“