Restez informé(e)

KunnArt : Konscht fir Grouss a Kleng

KunnArt : Konscht fir Grouss a Kleng
Service

E Joer no senger Ouverture schléit KunnArt en neit Kapitel op. Zënter dem 15. September empfänkt d’Konschtschoul a Galerie, déi vu Lynn Kunnert gegrënnt gouf a bei dësem Projet vun hirem Partner Jim Glod ënnerstëtzt gëtt, Kanner an Erwuessener an engem neie Lokal an der 44, Uelzechtstrooss, am Zentrum vun Esch.

Mat der neier Adress entwéckelt sech och de Projet weider. KunnArt verbënnt verschidde Beräicher: eng Konschtschoul, eng Galerie fir verschidde Kënschtler an e Raum, wou ee Konschtwierker entdecken a kafe kann. Donieft besteet d’Méiglechkeet, Wierker no perséinleche Wënsch maachen ze loossen.

Eng nei Adress, nei Méiglechkeeten

Dat neit Lokal bitt KunnArt méi Plaz fir déi verschidden Aktivitéiten. An dat ass nach net alles: en zweeten Deel gëtt nach renovéiert a wäert geschwë Plaz fir nach méi Konschtwierker a Kënschtler bidden.

Déi nei Ariichtung bitt och méi Plaz fir den Austausch. No engem Cours bleiwen e puer Leit gären nach e bëssen do, fir zesummen e Kaffi ze drénken oder ze schwätzen. Dës gemittlech Atmosphär wëll d’Lynn och op der neier Adress weiderentwéckelen.

Fir dësen neie Schrëtt ze feieren, invitéiert KunnArt den 10. Oktober 2026 op e Patt. Eng flott Geleeënheet, fir déi nei Raimlechkeeten ze entdecken, KunnArt besser kennenzeléieren an zesummen unzestoussen.

A sengem eegene Rhythmus léieren

Um Ufank war KunnArt eng einfach Iddi: der Konscht eng Plaz ginn, déi vergläichbar ass mat aneren Aktivitéiten no der Schoul.

De Jim, deen am Enseignement schafft, gesäit reegelméisseg Kanner, déi sech weder am Sport nach an der Musek erëmfanne, sech dofir méi fir kreativ Aktivitéite begeeschteren.

Zesumme mam Lynn, déi sech fir Konscht an Educatioun interesséiert, hu si dunn eng richteg Konschtschoul opgebaut. Et gëtt reegelméisseg Uweisunge, mee jidderee kann a sengem eegene Rhythmus virukommen.

Haut gëtt d’Lynn d’Coursen a begleet Leit vun all Alter. Zeechne, molen a verschidden Techniken entdecken: Jidderee kann no sengen eegenen Interesse léieren a sech weiderentwéckelen, a klenge Gruppen a mat perséinlecher Begleedung.

„Mir wëllen, datt et eng Plaz ass, wou een hikënnt fir ze léieren, mee och fir eng flott Zäit ze verbréngen.“

D’Coursë bleiwe flexibel. Et kann ee mat engem éischte Cours ufänken, reegelméisseg an d’Coursë goen oder och just heiansdo un engem Atelier deelhuelen, dee sech mat enger bestëmmter Technik oder engem Thema beschäftegt.

Wann d’Konscht och Leit zesummebréngt

An engem Joer huet sech bei KunnArt eng kleng Gemeinschaft entwéckelt. Kanner aus verschiddenen Deeler vun Esch, mee och aus anere Stied, hu sech an de Coursë kennegeléiert a freeë sech haut, sech all Woch erëmzegesinn.

Och bei den Erwuessene sinn d’Coursen eng Geleeënheet, fir nei Leit kennenzeléieren an nei Kontakter ze maachen.

E puer Leit bleiwen nom Cours nach zesummen a schwätzen, anerer maachen eppes aus fir sech erëmzegesinn. Esou bréngt d’Konscht d’Leit zesummen a schaaft Momenter, déi wäit iwwer d’Zeechnen an d’Molen erausginn.

Eng Galerie fir verschidde Kënschtler

KunnArt bleift och weiderhin eng Konschtgalerie. D’Lynn weist do hir eege Wierker, déi ee kafe kann an déi op Wonsch och personaliséiert kënne ginn. Gläichzäiteg wëll si och anere Kënschtler d’Méiglechkeet ginn, hir Aarbecht ze weisen – egal ob si schonn etabléiert sinn oder nach um Ufank vun hirem Wee stinn.

Molerei, Keramik an aner kreativ Wierker kënnen an der Galerie ausgestallt ginn. Am fréiere Lokal goufen et schonn dräi Vernissagen, bei deenen aner Kënschtler hir Wierker gewisen hunn. Dës Iddi wëll KunnArt och op der neier Adress weiderféieren.

Kënschtler déi interesséiert si, kënne sech direkt bei KunnArt mellen an hir Aarbecht virstellen. D’Galerie soll all Kënschtler d’Méiglechkeet ginn hir Wierker ze weisen, och deenen, déi nach net vill Méiglechkeeten haten hir Wierker auszestellen.

Dat gëllt och fir d’Schüler vu KunnArt. E puer vun hinne konnten hir Wierker, déi si no de Coursë bei KunnArt gemaach hunn, schonn ausstellen a verkafen

Enk mat Esch verbonnen

Fir d’Lynn war et eng logesch Entscheedung, KunnArt zu Esch opzemaachen. Si ass ronderëm Esch opgewuess a kennt d’Stad zënter laangem. Hire Partner, de Jim, kënnt och vun Esch.

D’kulturell Liewe vun der Stad an d’Villfalt vun de Leit passen och gutt bei de Charakter vu KunnArt.

Dës Villfalt fënnt een och an der Galerie. KunnArt wëll Kënschtler mat verschiddenen Hannergrënn, Stiler an Iddien empfänken – esou wéi déi verschidde Kulturen, déi zu Esch zesummekommen.

„Konscht ass eng universell Sprooch. Si ka jidderee erreechen.“

D’Verbindung mat Esch fënnt d’Lynn och an den Aktivitéiten ausserhalb vu KunnArt. Si mécht reegelméisseg bei kreativen Aktivitéiten zu Esch mat, ënner anerem bei Ateliere fir Kanner oder Face Painting.

Ënnert hiren anere kreative Projeten, hunn d’Lynn an de Jim och e Kannerbuch erausbruecht . De Jim huet d’Geschicht geschriwwen an d’Lynn huet d’Biller dozou gemoolt.

Nei Projeten

Mat der neier Adress entstinn och nei Méiglechkeeten. KunnArt wëll méi Vernissagen an Owender ronderëm d’Konscht organiséieren. Do kéint dann och Live-Musek oder DJen dobäi kommen. Esou sollen d’Leit, déi sech fir Konscht interesséiere, sech treffen an de Raum op eng aner Manéier entdecken.

D’Lynn wëll och e Projet entwéckelen, bei dem Kanner an eeler Leit zesumme kreativ Aktivitéite maachen. Aktivitéite mat Seniore ginn et schonn, mee si géif gären nach méi Momenter schafen, bei deenen déi verschidde Generatiounen zesummekommen.

Mat den neie Raimlechkeeten an der 44, Uelzechtstrooss geet KunnArt no engem éischte Joer voller Erfarungen elo e Schrëtt weider.

Mat méi Plaz a ville Projeten am Kapp entwéckelt d’Lynn dat weider, wat hir Iddi vun Ufank un ausgemaach huet: Konscht fir jidderee méi zougänglech maachen, eng lieweg Plaz schafen an d’Leit duerch Konscht zesummebréngen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom