D’Welt vum DT Esch ABOL ass eng Welt wou den Dëschtennis ganz vir steet an Oppenheet grouss geschriwwe gëtt. 1964 vun enger Grupp Frënn gegrënnt, déi net nëmme Fans vum Dëschtennis mee och vum Bündner Oberland waren, huet sech de Veräin zum wichtegsten Escher Dëschtennis Veräin entwéckelt.
Eng spannend Geschicht
Dass d’Grënner vum Escher Veräi begeeschtert vun engem Schwäizer Kanton waren, fënnt een nach ëmmer an der Ofkierzung ABOL, déi fir „Amis du Bündner Oberland Luxembourg“ steet. Säit deemools ass de Veräin awer gewuess an zielt haut 50 Memberen, déi de Geescht vun der Komerodschaft an der Kompetitioun vum Sport deelen. Wéi deemools hir Grënner an de Schwäizer Alpen, huet och de Veräi rezent nei Héichten erklommen andeems en an déi éischt Lëtzebuerger Nationaldivisioun opgestigen ass.
Dëst ass virun allem dem kompetente Comité an den engagéierte Spiller ze verdanken, déi ëmmer erëm vollen Asaz weisen.
Abseits vum Dësch
Och soss ass de Veräi gären zu Esch aktiv an hëlt un alle méiglechen Evenementer deel. De Kannersportdag an den Escher Kulturlaf stinn do zum Beispill um Programm, sou wéi och all Joer natierlech Nationalfeierdag. „Och fir eis Leit organiséiere mär reegelméisseg kleng Evenementer an dann eben déi verschidden Turnéier“, erkläert de Laurent Kohl, President vum DT Esch ABOL. All Joer fënnt e groussen Turnéier statt wou Spiller aus ganz Lëtzebuerg kommen an op 16 Dëscher an der grousser Hal géinteneen untrieden.
E klengen internen Tournoi komplettéiert dann de sportleche Programm.
Enthusiasmus an Inklusioun
Fir de Laurent Kohl läit de Schlëssel zum Dëschtennis kloer an der Begeeschterung an der Motivatioun. „Dëschtennis ass e Sport an deem all Alter wëllkomm ass, a wou d’Erfarung och emol iwwer d’Jugend triumphéiere kann“, seet hien. Den DT Esch ABOL feiert dësen integrative Gedanken an zielt Spiller vun allen Originnen a vun all Alter a senge Reien. Als echten Escher, schätzt de Laurent dës inklusiv Mentalitéit besonnesch, déi de multikulturelle Charakter vun Esch erëmspigelt.
Spaass um Sport
Wie sech fir den Dëschtennis interesséiert, ass häerzlech ageluede beim DT Esch ABOL matzemaachen oder eemol schnupperen ze kommen. Entdeckt e Veräi bei deem e passionante Sport an eng oppe Communautéit openeen treffen! „Jiddereen ass wëllkomm, egal wéi een Alter en huet oder wou en hierkënnt!“
DT Esch ABOL
34, Boulevard Hubert Clément
L-4064 Esch-sur-Alzette
Tel: 51 99 93
www.esch-abol.lu