Eisen Tipp fir de Weekend: E beweegte Weekend zu Esch

Eisen Tipp fir de Weekend: E beweegte Weekend zu Esch
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend gëtt et esou munches zu Esch ze entdecken.

Et ass Kiermes am Duerf

Et ass nees Zäit fir dem Spaass fräie Laf ze loossen. D’Päischtkiermes geet un an ass erëm op de bekannte Plazen ze fannen. Ob een sech elo fir Spillgeschäfter interesséiert a gären en Tour um Karussell dréint, sech et bei engem Wupp gutt schmaache léisst oder einfach just wëll e Patt a gudder Gesellschaft huele – d’Kiermes bitt eppes fir jiddereen. Besonnesch elo wou d’Sonn sech heiansdo blécke léisst, ass dëst e Genoss.

Flèche du Sud

De Sonnden den 21. Mee gëtt da besonnesch spannend zu Esch. Déi final Etapp vun der 72. Editioun vun der Flèche du Sud fënnt hire Wee wéi gewinnt op Esch. Nei am Programm ass dëst Joer de Kayler Poteau, dee ganzer siwe mol muss bewältegt ginn. Et kann een d’Coureuren awer och ganz gemittlech am Escher Zentrum ufeieren, zum Beispill vun enger vun de villen Terrassen aus. Och hei ass ze hoffen, dass d’Wieder matspillt.

Porte Ouverte

Wien et da gäre méi gemittlech hätt oder sech besonnesch fir Musek interesséiert ka sech op d’Porte Ouverte am Escher Conservatoire maachen. Dës kann een och sonndes, den 21. Mee, vun 10 bis 16 Auer besichen. Verschidde Concerten, d’Méiglechkeet Instrumenter auszeprobéieren, Aktivitéite fir Kanner an nach vill méi waarden hei op d’Visiteuren. Den Accès bleift trotz der Flèche du Sud iwwer d’Kreesverkéiere „An der Schmelz“ a „Um Däich“ méiglech.

Sport an nach vill méi

Wie sech elo net fir déi Saachen interesséiert fënnt wéi ëmmer genuch aneren Divertissement zu Esch. Sou kann een zum Beispill d’Jeunesse ufeieren déi den F91 Diddeleng op der Grenz empfänkt, en Duell wat traditionell ëmmer fir Stëmmung suergt. Wiem dat elo näischt seet, fënnt och online d’Programmer vun der verschiddene Veräiner oder kulturellen Institutioune wou ëmmer eppes lass ass. Den Explore Esch bitt sech heivir och un.

 

Wat een dëse Weekend och mécht, et versprécht e beweegte Weekend fir eis Stad ze ginn.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom