Kaf Lokal – Elo an der Uelzechtstrooss

Kaf Lokal – Elo an der Uelzechtstrooss
Shopping

Nodeems den Drupi’s an e méi grousst Lokal an der Uelzechtstrooss geplënnert ass, huet de Schäfferot déi Responsabel vun der Beschäftegungsinitiative CIGL-Esch kontaktéiert an gefrot ob si keng Iddi hätten fir am Drupi’s senger fréierer Plaz eppes ze maachen, wat bei hir Missioun passt. „Relativ schnell koum dunn de Gedanke lokal Produiten, kleng Produzenten an de sozialen Aspekt deen dozou gehéiert, hei an der Virdergrond ze setzen“, erkläert de Carlos Breda, Coordinateur général vum CIGL Esch.

Fir dass de CIGL als Veräin ouni Gewënnzweck (A.s.b.l.) awer dierft e Geschäft féieren, gouf eng extra Société d’impact social (S.i.s.) gegrënnt. D’Zouloossung ënnert däer Form garantéiert de realen a seriéise Charakter vun den ekonomeschen Aktivitéiten an ënnersträicht awer gläichzäiteg de sozialen Aspekt vun der Entreprise. „De CIGL steet weiderhin hannendrun. Mär kënne esou Saache verkafen an trotzdeem ouni Subventiounen och der sozialer Missioun nokommen.“ Den 1. Juli ass schliisslech Kaf Lokal opgaangen, an de Numm ass hei Programm.

De Kaf Lokal besteet nämlech aus zwee, sech ergänzend, Deeler. Engersäits gëtt et d’Epicerie wou, wéi de Numm et seet, lokal Produite verkaf ginn. Do sinn déi verschiddenst, kleng, lokal Produzenten ze fannen. Vun handgemaachen Nuddelen, Kaffi vum Babbocaffé, lëtzebuergeschen Gin bis natierlech och guddem Wäi vun der Musel, ass alles dobäi. Kaf Lokal verschléisst sech awer och net der Iddi lokale Produzente vun hannert der Grenz eng Plattform ze bidden. Lokalitéit hält jo net bei der Grenz op.“

Den zweete Volet vum Kaf Lokal ass d’Consommatioun op der Plaz. Sou kann een sech hei gemittlech sëtzen an zum Beispill hir Spezialitéit, e Croque Monsieur, genéissen. „Hei versiche mär eng Plus Value fir den Escher Zentrum ze schafen. Mär verkafen zum Beispill keng Bréidercher, well eisen Noper scho gutt Bréidercher verkeeft. Mär sichen also Saachen déi et sou direkt hei net ginn“, seet de Carlos Breda. Am Wanter plange si deemno gutt waarm Zoppen ze preparéieren. Zousätzlech soll d’Offer fir eng Synergie, tëschent der Consommatioun an dem Akafen, suergen.

D‘Maueren am Kaf Lokal sinn och mat Wierker vu lokale Kënschtler dekoréiert, déi een och kafen oder bestelle kann. „D’Iddi ass fir e villsäitegt Konzept ronderëm lokal Produiten ze proposéieren. Domat versiche mär op enger Säit lokal Produzenten z’ënnerstëtzen déi oft net d’Quantitéite kënnen hierstellen, déi e Supermarché verlaangt. An op der anerer Säit fannen d’Bierger an Touristen hei Saachen, déi ee soss net sou liicht, oder guer net, fënnt.“ Dobäi kann een zum Beispill och fir Gebuertsdeeg Corbeille maache loossen. D’Nathalie Müller, Gerante vum Kaf Lokal, steet do ëmmer bereet fir Erklärungen zu de verschiddene Produiten ze ginn.

D’Offer am Kaf Lokal gëtt reegelméisseg rotéiert, sou dass een ëmmer erëm nei Produite kann entdecken. „Sou kënne mär kucke wat gutt funktionéiert a wat net, an ëmmer erëm neie Produzenten d’Méiglechkeet ginn hir Wuer unzebidden.“ Zu gudder Lescht, schafft de Kaf Lokal och u Kooperatioune mat anere lokale Commercen a bitt hannen e Raum un, wou lokal Produzenten zum Beispill e Workshop oder eng Degustatioun kënnen organiséieren. Wien also wëll Produkter oder souguer Konscht aus der Géigend entdecken, oder e Souvenir vu Lëtzebuerg wëll mat Heem huelen, kënnt am Kaf Lokal definitiv op seng Käschten. „Eng Win-Win Situatioun“, wéi de Carlos Breda seet.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom